search

/ Biergerinitiative géint Hotelkomplex zu Rodange kréien Onrecht an éischter Instanz

Justiz

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Biergerinitiative géint Hotelkomplex zu Rodange kréien Onrecht an éischter Instanz

Am Kontext vum Hotel- a Wellnesskomplex zu Rodange hunn d’Biergerinitiativen Doihl a Kordall an 1. Instanz um Verwaltungsgeriicht Onrecht kritt. D’Initiativen hate sech mat Recoursen um Tribunal administratif géint den ëmstriddene Bauprojet gewiert. 

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Am Viséier war d’Autorisatioun vum Ëmweltministère a vun der Péiténger Gemeng, fir de Projet op där Plaz ze erriichten, op déi e soll kommen.

Keen noweisbaren Interssi ze agéieren

Den éischter Riichter no hätten d’Biergerinitiativen awer net genuch Intressi, fir ze agéieren. A sengem Uerteel hält den Tribunal administratif fest, datt den Intérêt à agir ënner anerem perséinlech, aktuell a legitim misst sinn. Wat den Intressi fir ze agéiere vu Fondatiounen an Asblen ugeet, dierften déi kloen, wann hir Klo zum Wuel vun all de Memberen ass.

Den Intressi misst donieft dem Zweck vun der Associatioun entspriechen. Déi zwou Initiative géifen awer just vag behaapten, datt si sech fir den Ëmweltschutz géifen asetzen. Och wa si soe géifen, datt hir Memberen an der Regioun wunnen a fäerte géifen, datt d’Ëmwelt duerch privat Projete menacéiert wier, géife si net méi prezis erklären, wat hiren Intressi fir ze agéiere wier. D’Erhale vum Sitt eleng kéint kee sou en Intressi duerstellen. 

Aarbechten hunn ugefaangen

Déi zwou Biergerinitiativen hätten hir Statuten och net virgeluegt, sou dass een hire Gesellschaftszweck net iwwerpréife kéint. Doriwwer eraus hätte si kee Beweis dofir presentéiert, datt hir Memberen an där betraffener Géigend wunne géifen oder hir Situatioun duerch den Hotel- a Wellnesskomplex affektéiert wier. Well d’Initiativen hiren Intérêt à agir beleeë missten, dat awer net gemaach hätten, wier et dem Geriicht onméiglech, den Intressi ze iwwerpréifen, dee si geltend maachen.

D’lescht Woch hat d’Tageblatt gemellt, datt d’Aarbechten ugefaangen hätten, kuerz ier d’Baugenemegung ausgelaf wier.De Chantier soll zwee an en halleft Joer daueren. Zu engem Appel op der Cour administrative dierft et dofir och net méi kommen, hat et nach an der Zeitung geheescht.

play_arrow Lauschteren