Radioen

On air

Vue sur mer  |  João Selva, Clea Vincent - Viens Danser

play_arrow Live
search

/ Famill Bibas: Mamm vun der Famill net ënner de Läichen

Anescht wéi Hamas behaapt huet

Famill Bibas: Mamm vun der Famill net ënner de Läichen

D’Wafferou an der Gazasträif wackelt nees. Dat, nodeems laut israeeleschen Indikatiounen, d’Hamas net déi richteg Läiche vun israeelesche Geiselen iwwerreecht huet. D’Hamas seet elo, et wier eng Verwiesslung aus Versinn. Israel huet iwwerdeems e grousse Militärasaz am Westjordanland, engem palestinensesche Gebitt, ugekënnegt.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Hannes P Albert play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Hannes P Albert)

D’Hamas hätt Israel sollen d’Läiche vu 4 verstuerwe Geiselen iwwerginn. Eemol de verstuerwene pensionéierte Journalist Oded Lifschitz, e palestinenseschen Aktivist. Seng Identitéit gouf och elo vun Israel bestätegt. Dann awer och d’Famill Bibas, déi zwee Kanner an d’Mamm, Shiri Bibas.

Widderspréch wat d'Ëmstänn vum Doud vun de Geiselen ugeet

Déi zwee Kanner, Ariel a Kfir Bibas, sinn och vun israeelescher Säit identifizéiert ginn. Laut Israel wieren d’Kanner an der Gefaangeschaft vun der Hamas ëmbruecht ginn. D’Hamas awer seet, d’Kanner wieren an engem Bombardement vun der israeelescher Arméi ëm d’Liewe komm.

No forenseschen Ënnersichunge géif et sech bei der véierter Läich ëm eng anonym, net identifizéiert Persoun handelen, an net d’Shiri Bibas. Hamas schwätzt elo vun enger ongewollter Verwiesslung.

Israel géif elo ganz decidéiert handelen, fir d’Geiselen heem ze bréngen, sou de Benjamin Netanjahu an engem Videomessage, egal ob Iwwerliewender oder Verstuerwener. De Premier fuerdert, datt d’Hamas all d’Geiselen un Israel iwwerreecht.

Israel kënnegt grousse Militärasaz un

Israel huet zousätzlech schonn ugekënnegt, e massive Militärasaz am Westjordanland, also engem palestinensesche Gebitt, duerchzeféieren.

Dat, nodeems dräi Busser an der Géigend vun Tel-Aviv an d’Luucht gesprengt gi sinn. Kee Mënsch ass verletzt ginn. Israel behaapt, et wier en Terroruschlag gewiescht a wëll elo am Westjordanland géint, wéi den Netanjahu seet, Zentre vum Terrorismus virgoen. Beim leschten israeelesche Militärasaz am Westjordanland sinn, dem rouden Hallefmound no, op d‘mannst 14 Mënschen ëmbruecht ginn. 85 Prozent vun der Bevëlkerung am Westjordanland si muslimesch. 

Lauschterenplay_arrow