Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ierpeldeng gesäit Fusioun a Gefor, Schieren bleift iwwerzeegt

Nom Vott zu Bettenduerf

Ierpeldeng gesäit Fusioun a Gefor, Schieren bleift iwwerzeegt

Ënnert den anere 4 Gemengen hätt ee virum Vott schonn déi verschidden Zenarien duerchgespillt, dorënner och dat, wat schlussendlech agetrueden ass. Den Ierpeldenger Buergermeeschter Claude Gleis erkläert, datt déi anere Gemenge gewëllt sinn, de Fusiounsprozess virunzeféieren. Et géif een och nach weider upeilen, datt et 2027 zum Referendum kënnt.

auto_stories

5 min

Foto: Eric Ewald

De Claude Gleis fäert awer, datt et zu engem Dominoeffekt kënnt, virun allem bei deene klenge Gemengen – also och senger eegener. Stëmmen an déi Richtung hätt hien awer nach net héieren.

Kloer ass fir hien awer, datt et net zu enger Fusioun zu 5 kënnt. Hien ass enttäuscht iwwer de Vott vum Bettenduerfer Gemengerot: Et hätt een net emol eng Chance kritt, fir eng Propos vun enger Fusioun virzeleeën. Et kann awer och sinn, datt et zu 4 méi einfach gëtt, seet de Claude Gleis.

Um Mëttwochowend gouf am Bettenduerfer Gemengerot doriwwer ofgestëmmt, ob d'Gemeng sech aus de Gespréicher iwwert d'Nordstad-Fusioun soll zeréckzéien. D'Majoritéit huet sech fir e Réckzuch decidéiert.

7 Nee zu 4 Jo-Stëmmen: Bettenduerf zitt sech aus de Gespréicher zur Nordstad-Fusioun zeréck

Bettenduerf ass also aus dem Fusiounsprozess vun der Nordstad eraus: De Gemengerot huet sech am fréien Owend nämlech nach emol mat 7 Neen- a 4 Jo-Stëmmen dogéint entscheet, weider un de Gespréicher deelzehuelen.

Do virdrun hat de Buergermeeschter Patrick Mergen erkläert, datt d’Motioun vun der Conseillère Suzette Serres irrecevabel wier, well “hors délai” erakomm. Si hat jo gefuerdert, datt dee Vott am Gemengerot net géif widderholl an amplaz dovun e Referendum sollt organiséiert ginn. Elo géif sech d’Fro stellen, ob ee weider um Wee vun der Fusioun géif bleiwen, oder ob ee sollt verstäerkt mat enger Nopeschgemeng zesummeschaffen.

An der Gemengerotssëtzung de Mëttwoch den Owend zu Bettenduerf huet de Gemengerot fir d’zweet missten doriwwer decidéieren, ob ee sech weider um Fusiounsprozess vun der Nordstad bedeelege géif oder net. Dësen zweete Vott war néideg ginn, well en éischten, de leschte Mount, geheim ofgehale gi war, wat net erlaabt ass. Dofir hat den Inneminister Léon Gloden dee Vote annuléiert. De Mëttwoch du koum genee dat selwecht Resultat eraus wéi am September. 

De Buergermeeschter Patrick Mergen huet virop erkläert, datt de Schäffe Lucien Kurtisi net bei der Sëtzung dobäi wier an hie fir deen ofstëmme géif.

De Patrick Mergen huet ënnerstrach, datt déi 11 Gemengevertrieder hir Decisioun fräi ze huelen hätten an datt Bettenduerf u sech net ouni Kooperatiounspartner bestoe kéint. Ier hien d’Argumenter fir a géint eng Fusioun duergeluecht huet. Mee de Vott war kloer an dem Gemengepapp säi Constat och.

4 géint 7. Voilà, domat ass d’Décisioun geholl, an d’Saach vun der Nordstad ass dann elo eriwwer.”

Medienschelte a Bréif wéinst Diffamatioun

Dono gouf et awer nach een Nospill: An zwar huet de Conseiller Frank Schuler de Medievertrieder an d’Gewësse geriet. Hie géif d‘Medievertrieder bieden, bei der Wourecht ze bleiwen, an net ze schreiwen, wat se menge géifen. Zënter dem leschte Vott wier nämlech ganz vill geschwat a geschriwwe ginn, wat net der Wourecht entsprieche géif. Dat awer, ouni ze soen, wat soll falsch gesot a geschriwwe gi sinn. Mee och domat war d’Mass nach net ganz gelies. De Buergermeeschter Patrick Mergen huet der Conseillère Suzette Serres nämlech nach eng Enveloppe iwwerreecht. Dat, well si “sou flott” iwwer hie geschwat hätt an de Medien. 

Du hues mech diffaméiert op de Medien. Dat geet net! Du hues mech diffaméiert. Kanns De nolauschteren, bei 100,7!”

Méi konkret gouf de Buergermeeschter allerdéngs net, wat déi presuméiert Diffamatiounen ugeet. Den 30. September hat d’Conseillère op dëser Antenn ënner anerem gesot, datt si dovun ausgoe géif, datt de Schäfferot dee Moment géint e Weiderféiere vun de Fusiounsgespréicher gestëmmt hat. De Mëttwoch war de Patrick Mergen dofir.

Op Nofro hin huet d’Suzette Serres no der Sëtzung gesot, an der Enveloppe wier eng Plainte wéinst Diffamatioun gewiescht, an de Buergermeeschter géif verlaangen, datt si sech wéinst deenen diffamatoreschen Aussoen entschëllege géif.

Un den Nordstad-Fusiounsgespréicher sinn elo nach Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng a Schiere bedeelegt.

Den Eric Ewald mat weideren Erklärungen an eisem Moiesstudio

Lauschterenplay_arrow

Gemeng Schieren bleift iwwerzeegt

Méi positiv Téin koumen dogéint vum Jean-Paul Zeimes, dem Buergermeeschter vu Schieren. Als kleng Gemeng géif een an der Fusioun en Avantage gesinn, soudass ee konkret virukomme wéilt. Schieren wéilt de Projet seriö ugoen a weiderdreiwen, och wann d’Bettenduerfer Decisioun een net arrangéiere géif, gëtt de Schierener Gemengepapp zou. Et wier een awer besser drun zu 20.000 oder 30.000 wéi zu 2.000, huet de Jean-Paul Zeimes erkläert. Eng éischt Délibératioun zu Schieren war iwwregens 7:2 fir d’Fusioun ausgaangen.

2027 solle sech Ettelbréck, Dikrech, Ierpeldeng a Schieren dann an engem Referendum nach emol, an zwar definitiv, zur Fusioun positionéieren.

Aktualitéit
National