D'USA, den enksten Alliéierte vun Israel pocht ëmmer erëm drop, datt dat déi eenzeg Léisung am Konflikt wier.
Den US-Ausseminister Antony Blinken huet zu Davos um Weltwirtschaftsforum nach eemol ënnerstrach, datt een eegestännege palästinensesche Staat néideg ass, fir laangfristege Fridden ze garantéieren.
Anescht géif Israel keng Sécherheet kréien. Vill arabesch Länner hätte mëttlerweil méi Interesse un enger stabiller Bezéiung, betount den Antony Blinken. Et wier un Israel, ze decidéieren, a wéi eng Richtung et goe wëllt.
"Et muss een och nee soe kënnen", reagéiert de Benjamin Netanjahu. Israel misst ëmmer d'Sécherheetskontroll iwwer déi ganz Gebidder bäibehalen, souwuel am Westjordanland wéi och an der Gazasträif.