Dëst gouf vum Inneminister Léon Gloden an enger parlamentarescher Fro vum LSAP-Deputéierten Dan Biancalana preziséiert.
Bei deene Policeoperatiounen, déi et zanter 2006 gëtt, sinn organiséiert Drogereseaue viséiert. Déi Lëtzebuerger Police huet, zesumme mat der Douane, tëscht 2010 an 2023 bal fënnef Kilo Marihuana, iwwer 600 Gramm Haschisch, bal 1 Kilo Heroin a Kokain, awer och Extasy, Champignonen, Jointen a Spacecakes saiséiert.