Radioen

On air

9 bis 1  |  Stephen Ellen Starar - Happiness (Dance Floor Edit) - The 1975

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei eis ginn 260 Tonne Liewensmëttel d’Joer gerett

Weltdag géint d'Verschwende vu Liewensmëttel  

Bei eis ginn 260 Tonne Liewensmëttel d’Joer gerett

D’Banque alimentaire an d’Stëmm vun der Strooss rette Liewensmëttel: D’Banque alimentaire geet bei Supermarchéë Wuer sichen, déi net méi verkaaft ka ginn, a feiert se an d’Ateliere vun der Stëmm, wou se als Platen fir hier Restauranten zerwéiert ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

D'Banque alimentaire liwwert frësch Liewensmëttel. | © Rick Mertens play_arrow
D'Banque alimentaire liwwert frësch Liewensmëttel. (Foto: Rick Mertens)

Esou gi 600 bis 700 Platen den Dag preparéieren, seet de Bob Ritz vun der Stëmm. An hirem Atelier Caddy schaffen eng 35 bis 40 Leit dorunner. Wann d’Wuer geliwwert gëtt, maache si den Tri vun deem, wat nach gutt ass, schneide Geméis, maache Bréidercher a preparéieren d’Molzechten.

"Mir kréien allerhand geliwwert", seet de Bob Ritz, "frësch Saache, Fleesch, Charcuterie, Produiten aus der Crèmerie, a sou weider.” Déi Wuer, déi dacks e kuerzen Oflafdatum huet, muss séier verschafft ginn: "Dat geschitt den Dag vun der Livraisoun", esou de Bob Ritz. Do ginn et ganz strikt Reegelen, déi agehale musse ginn.

Et geet nach ëmmer net duer 

"D’"Stëmm vun der Strooss" kritt awer nach net genuch Wuer, a muss och bäikafe, preziséiert de Bob Ritz nach. Si hunn dofir nach eng Kooperatioun,mat der International School, wou se zweemol an der Woch dat siche ginn, wat an der Kantin iwwereg bliwwen ass. Och dat gëtt den Dag selwer nach verschafft.

Am Kader vum Weltdag géingt de Gaspillage huet d’Regierung an engem Communiqué drop higewisen, datt 28 Prozent vun de landwirtschaftlechen Territoirë fir näischt exploitéiert ginn, well dat, wat do wiisst, ewech geheit gëtt. Dobäi gëtt och enorm vill Waasser verbëtzt.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft