Ampacet, eng amerikanesche Firma, produzéiert Granulater fir Plastik-Produiten. Déi ronn 60 Salariéen zu Diddeleng fuerderen eng Salaires-Hausse vun 2,5 Prozent an dräi zousätzlech Deeg Congé.
Ugangs November waren d‘Verhandlungen op der Conciliatioun ouni Accord op en Enn gaangen. D‘Salariéen hu sech duerno majoritär fir e Streik ausgeschwat.
Am 12 Auer de Mëtteg ass e Point de Presse vum OGBL virun der Fabrick vun Ampacet zu Diddeleng.