Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Streik bei der Lufthansa, och Flich vum Findel aus betraff

Aviatioun

Streik bei der Lufthansa, och Flich vum Findel aus betraff

Bei där gréisster däitscher Fluchgesellschaft Lufthansa ass haut e Streik vum d‘Buedempersonal. De Streik huet de Moie fréi ugefaangen a soll bis muer de Moien daueren.

auto_stories

1 min

Lufthansa-Fliger | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Marcel von Fehrn
Lufthansa-Fliger (Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Eibner-Pressefoto/Marcel von Fehrn)

D‘Lufthansa huet tëscht 80 a 90 Prozent vu ronn 1.000 Flich, déi fir haut geplangt waren, ofgesot. Dorënner d‘Lufhansa-Flich vu Lëtzebuerg op Frankfurt a München. Um Site vu luxairport ginn déi als annuléiert ugewisen.

Gestreikt gëtt op de Fluchhäfe Berlin, Frankfurt, München, Hamburg an Düsseldorf. D‘Gewerkschaft Verdi hat zum Streik opgeruff. Si verlaangt fir d’Buedempersonal eng Salaire‘s-Hausse vun 12,5 Prozent wärend zwielef Méint. D‘Lufthansa sot bis elo, déi Fuerderung wier net realistesch.