arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bei Hëtzt geet d'Produktivitéit ëm 3 % erof an d'Energiekäschten ëm 1,2 % erop

Klimawandel

|
reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Bei Hëtzt geet d'Produktivitéit ëm 3 % erof an d'Energiekäschten ëm 1,2 % erop

Hëtztwellen, wéi déi elo am Mee, wäerte méi heefeg, méi intensiv a méi laang ginn, soen d'Klimatologen. Dat huet net just en Impakt op d'Ëmwelt an d‘Gesondheet, mee och op den Aarbechtsmaart an d'Wirtschaft.

reading time

2 min

headphones

3 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Benjamin Westhoff
(Foto: picture alliance/dpa | Benjamin Westhoff)

International Studie weisen zum Beispill, datt Hëtztwellen d‘Produktivitéit erof an d‘Energiekäschten, wéinst Klimaanlagen, eropdrécken. 

Extreem Hëtzt ka fir d‘Aarbechtswelt en änlechen Effekt hu wéi en hallwen Dag Streik. Zu där Conclusioun koum eng gemeinsam Etüd vum Weltwirtschaftsforum an der Versécherungsgesellschaft Allianz.

Méi fréi schaffen als eng Optioun fir d'FEDIL

Bei all Grad iwwer 30 géif d‘Produktivitéit ëm 3 Prozent falen an den Energieverbrauch duerch Killen ëm 1,2 Prozent klammen, esou d‘Etüd.

Bei der Industriellefederatioun FEDIL zu Lëtzebuerg ginn et, dem Responsabele fir Industriepolitik Gaston Traufler no, keng Statistiken, déi Produktiounsbaisse wéinst Hëtzt géife bestätegen, mee:

"Ech mengen aus eegener Erfarung läit dat warscheinlech op der Hand."

Och am Bau an Handwierk ginn et keng Statistiken, mee et wier kloer, seet de Vizegeneralsekretär vun der Handwierkerfederatioun Christian Reuter, datt wa wéinst Hëtzt manner ka geschafft ginn, da gëtt manner produzéiert. Dat kéint awer eventuell kompenséiert ginn andeems méi fréi geschafft gëtt, wann et net esou waarm ass, wat och elo am Bau scho gemaach gëtt.

"Do misst een da vläicht d‘Rahmebedingungen änneren, fir d'Aarbecht ze reorganiséieren a méi flexibel ze gestalten."

Klimaanlage sinn eng aner Méiglechkeet fir den Impakt vun der Hëtzt op d‘Aarbecht ze limitéieren. Mee dat geet natierlech net iwwerall a kann zu méi héijen Energiekäschte féieren.

Speziell Halen als aner Optioun

Am Industriesecteur zu Lëtzebuerg gëtt et an de Produktiounshalen der Reegel no keng Klimaanlagen, seet dozou de Gaston Traufler vun der FEDIL.

"Zum Beispill Automobilkomponenten-Hiersteller, déi kleng Stécker zesummebauen an déi an enger Hal sëtzen zu 50 oder 100."

An esou Fäll kéint een eng sougenannte "Spotkillung“, also kleng mobil Klimaanlagen, dohi stellen. Mee wann extreem Hëtztperioden méi laang a méi heefeg ginn, misst ee kucken. 

"Ech mengen déi Investments, fir dann Halen ze bauen, déi isoléiert genuch wiere fir eng effizient Killung, dat sinn natierlech Investments, déi relativ konsequent wieren."

D‘Klimaerwäermung, déi duerch Mënsche verursaacht gëtt, riskéiert fir d’Betriber also ëmmer méi deier ze ginn. De Weltwirtschaftsforum betount awer a senger Etüd, datt CO2-Reduktiounen an aner Mesurë géint de Klimawandel um Enn manner géife kaschten, wéi den Impakt vun ëmmer méi Hëtztwellen.

play_arrow Lauschteren