Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bauereprotester ginn nëmmen deelweis opgehuewen

Frankräich

Bauereprotester ginn nëmmen deelweis opgehuewen

A Frankräich halen d’Bauereprotester weider un. Dat obschonn de Premier Gabriel Attal gëschter Owend verschidde Mesurë presentéiert hat, fir e Schratt op d’Baueren zouzegoen an d’Situatioun ze berouegen. Ënnert anerem sollten d‘Steieren um Agrardiesel net weider klammen. 

auto_stories

1 min

Dat war eng vun den Haapt-Revendicatioune vun de franséische Baueren. D‘Gewerkschafte sinn awer net beandrockt vun deene geplangte Moossnamen. Och wa verschidde Punkten an déi richteg Richtung géingen, wieren se just eng Drëps op e waarme Steen. 

Verschidde Blockagen op den Autobunne goufen opgehuewen, dorënner och deen op der A31 bei Diddenuewen, anerer wäerte weidergoen. Déi gréisste Baueregewerkschaft huet sech awer oppe gewisen, fir vun e Moien u Gespréicher mam Premier unzefänken.