Radioen

On air

Tockcity  |  Role Model - Sally, When The Wine Runs Out

play_arrow Live
search

/ Bauereprotester a Frankräich gi méi intensiv

Stroossbuerg

Bauereprotester a Frankräich gi méi intensiv

A Frankräich hu sech haut um Dënschdeg d‘Bauereprotester intensivéiert. Zu Stroossbuerg si Membere vun der Coordination Rurale, dem zweetgréisste Bauereverband, op d‘Strooss gaange fir géint de Fräihandelsaccord tëscht der EU an de MERCOSUR-Staaten ze protestéieren.

auto_stories

1 min

Bauereprotest Symbolbild | © picture alliance / Eibner-Pressefoto | Socher/ Eibner-Pressefoto
Bauereprotest Symbolbild (Foto: picture alliance / Eibner-Pressefoto | Socher/ Eibner-Pressefoto)

D‘Bauere kritiséieren d‘Importreegelungen, déi hirer Meenung no déi europäesch Standarden ënnergruewe géifen. Si fuerdere Vereinfachungen an eng Garantie fir hiert Akommes.

De gréisste Bauereverband FNSEA huet iwwerdeems annoncéiert, datt iwwer déi nächst Deeg weider Aktioune stattfanne wäerten.