Radioen

On air

Jazz Club  |  Aaron Parks Little Big live at Jazz Dock Prague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Israel kritt sexualiséiert Gewalt géint Palestinenser virgehäit

UN-Rapport

Israel kritt sexualiséiert Gewalt géint Palestinenser virgehäit

Schwéier Mënscherechtsverletzunge mat sexuellen Iwwergrëffer: Dat kritt Israel an engem UN-Rapport virgehäit. Dokumentéiert gi Fäll vu sexuellen Iwwergrëffer a Vergewaltegungen, als Mëttel fir d’Ënnerdréckung an d’Kontroll vu Palestinenser an der Gazasträif.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Ilia Yefimovich)

Israel soll am Krich géint déi terroristesch Hamas op sexuell Gewalt zeréckgegraff hunn, fir d’Populatioun an de Kampfgebitter ze kontrolléieren an hir Reproduktioun ze verhënneren. Dat geet aus engem neien UN-Rapport ervir.

Systematesch Attacken

Am Rapport vun engem UN-Experten-Grupp gëtt Israel ënnerstallt, systematesch Attacken op déi sexuell Integritéit a Gesondheet vun Hamas-Memberen an anere militante Palästinenser auszeüben. Zum Deel wiere sexuell Iwwergrëffer einfach toleréiert, an aneren Instanzen awer kloer ordonéiert ginn, heescht et am Rapport.

Israel hätt doriwwer eraus Liwwerunge vu Medikamenter fir Neigebuerener a schwanger Frae blockéiert, a systematesch Gesondheets-Infrastrukturen ugegraff. Als Konsequenz dovu wiere Fraen a Kanner gestuerwen.

Geziilte sexuell Ënnerdréckung

D’Navi Pillay, Presidentin vun der UN-Kommissioun, déi verantwortlech fir de Rapport ass, kënnt zur Conclusioun, datt Israel dës Akte geziilt ausüübt.

Déi geziilte sexuell Ënnerdréckung vun enger Populatioun mam Zil, hir Reproduktioun ze ënnerbannen, géif an den Tatbestand vu Vëlkermord falen. D’Handele vun Israel wier e schwéiere Verstouss géint d’Mënscherechter.

Israel weist dës Virwërf zeréck a beschëllegt déi zoustänneg UN-Kommissioun parteiesch ze sinn a géigeniwwer Israel méi niddereg Standarde wéi bei anere Länner ze applizéieren. De Benjamin Netanjahu schwätzt vun enger Attack vun der UNO op Israel, an d’Beschëllegunge wiere falsch an absurd.

Lauschterenplay_arrow