D’Riichter vun der Cour administrative hunn domat eng Decisioun vun der fréierer grénger Kulturministesch Sam Tanson vun Oktober 2022 annuléiert. Dobäi war den Haff net vum allgemenge Bebauungsplang vun der Clierfer Gemeng hier geschützt an de Gemengerot hat och zwee negativ Avisen zum Klassement ofginn.
Fir Kulturierwe muss Authentizitéit do sinn
Dogéint hat d’Kommissioun fir d’Kulturierwen an hirem Avis fonnt, den Haff misst aus historeschen, architektoneschen an ästhetesche Grënn erhale ginn.
Dräi Méint no der Decisioun vun der Ministesch haten d'Proprietären d'Verwaltungsgeriicht saiséiert. Am Juli zejoert hat dat dunn dës Decisioun annuléiert. Ee Mount drop hat de Staat dogéint Appell gemaach.
Déi zwee Riichter halen an hirem Urteel fest, datt e Gebai muss authentesch sinn, fir datt et als nationaalt Kulturierwe ka klasséiert ginn. Et dierft nëmme wéineg verännert gi sinn an Elementer vu senger Zäit behalen hunn. D'Fassad vum Gebai, déi Ufank de 1950er Jore rekonstruéiert gouf, géif awer kaum nach der Zäit vu virum Zweete Weltkrich gläichen.
Beispillsweis wier eng Scheierpaart duerch eng Garagëpaart ersat ginn an et wieren dräi Fënstere bäikomm, esou datt Luucht an d'Ställ kéim. Déi Fënsteren hätten awer metalle Kaderen an domat näischt méi mat den originellen ze dinn.
Ze vill verännert am Verglach zu fréier
D'Differenz tëschent der Haaptfassad an dem Rescht géif an d'A sprangen, esou d'Riichter. D'Verännerungen hätten "un caractère passablement percutant" am Verglach mat den authenteschen Elementer vum Haff.
D'Authentizitéitskonditioun, déi d'Gesetz virschreift, wier domat net erfëllt. Dofir bréicht een och net selwer op d'Plaz kucken ze goen.
D'Ministesch hätt de Bauerenhaff aus deene genannte Grënn net kënnen als nationaalt Kulturierwe klasséieren.
Dat géif och den zwee negativen Avise vum Clierfer Gemengerot entspriechen.
Den Appell vum Staat wier deemno net fondéiert, am Géigesaz zu deem vun de Proprietären, soudatt d'Klassementsdecisioun ze annuléiere wier. Dat Urteel gëtt de Proprietären elo eng gewëss Kloerheet, ob a wat si mat hirer Proprietéit kënnen ufänken.