Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bauentreprise Stugalux wëll Plazen ofbauen

Iwwer ee Sozialplang

Bauentreprise Stugalux wëll Plazen ofbauen

D’Direktioun an d’Gewerkschaften hu sech fir en éischt Gespréich begéint. De President vu STUGALUX, Joel Schons, huet bis elo vu konstruktive Gespréicher geschwat – et géif drëms goen sou vill wéi méiglech Aarbechtsplazen ze retten.

auto_stories

1 min

Et wier kloer, datt ee misst Mesuren huelen, well de Wunnengsbau iwwer 82 Prozent agebrach wier, esou de Joel Schons.

Fir den OGBL kënnt een Sozialplang dobäi awer net a Fro, esou de Jean-Luc De Matteis. Hie verweist op de plan de mantien dans l’Emploi, dee schonn a ganz ville Betriber Kënnegunge verhënnert huet

De Moie sti fir STUGALUX Gespréicher mat där Regierung iwwer déi méiglech Hëllefen un. Enn der Woch sollen et nach eng Kéier Gespréicher tëscht der Direktioun an de Gewerkschafte ginn.

De Grupp Stugalux beschäftegt am Ganzen eng 480 Leit. Zum Grupp gehéiert d’S.A. Stugalux Construction, bei där Personal soll ofgebaut ginn