Radioen

On air

Notturno  |  Bernice - Underneath My Toe

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Barnier: Eescht vun der Lag erfuerdert Kompromëssbereetschaft

Frankräich

Barnier: Eescht vun der Lag erfuerdert Kompromëssbereetschaft

Um Dënschdegmëtteg huet de franséische Premier Michel Barnier an der Assemblée nationale seng Regierungserklärung ofginn. Ënnert dem heftege Protest vun der Oppositioun huet de Barnier verschidde Prioritéite genannt an opgewisen, wéi hien d’Land regéiere wëll. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier play_arrow
Foto: picture alliance / NurPhoto | Daniel Pier

Max Tholl (Paräis)

Eng an eng hallef Stonn stoung de Michel Barnier virum Mikro an der Assemblée an huet seng Feuille de route skizzéiert. Services publics, d’Sécherheet, d’Immigratioun oder d’Liewenskäschte vun de Fransouse waren dobäi e puer vun de Prioritéiten, op déi de Premier sech fokusséiere wëll.

Eng Iwwerraschung beim Mindestloun

Direkt um Ufank huet de Barnier vun enger duebeler Exigenz geschwat, ëm déi ee sech dréngend këmmere misst, nämlech déi Budgetär an déi Ekologesch. De Staatsdefizit soll d’nächst Joer vun aktuell 6 Prozent op 5 Prozent reduzéiert ginn, fir e perspektivesch op 3 Prozent ze kréien. Dowéinst fuerdert de Barnier méi Hëllef vun de groussen Entreprisen an och eng Steiererhéijung fir d’Spëtzeverdénger.

Mat Bléck op de Klimawandel wéist sech de Barnier mat der aktueller Politik zefridden a huet wéineg Konkretes proposéiert. Déi villäicht gréissten Iwwerraschung ass eng Upassung vun 2 Prozent vum Mindestloun, déi schonn nächste Mount kënnt.

Kontroll bei der Immigratioun verluer

Bei der Immigratiounspolitik huet de Barnier gesot, et hätt een d’Kontroll verluer, dofir misst een elo mënschlech, mee pragmatesch virgoen. Zum Beispill soll et mei einfach ginn, illegal Auslänner, déi d’Land verloosse mussen, ze inhaftéieren, bis se expulséiert ginn. Och sollen d’Asylprozedure beschleunegt ginn.

Ganz zum Schluss huet hie sech un d’Oppositioun geriicht an un hir Kompromëssbereetschaft appelléiert. Den Eescht vun der Lag géing dat elo erfuerderen, sou de Barnier.

Lauschterenplay_arrow