Eng 1.000 Beruffs- an eng 6.000 fräiwëlleg Pompjeeë schaffe momentan fir de CGDIS. Den nationalen Zivilschutz misst sech virbereeden. Ënner anerem op zukünfteg Naturkatastrophen.
Och mat Bléck op den Ugrëffskrich an der Ukrain, an déi domat verbonne Risike fir Europa, misst och zu Lëtzebuerg de Bevëlkerungsschutz ausgebaut ginn, esou de Paul Schroeder. Dobäi wier d'Zesummenaarbecht tëscht dem Militär an dem CGDIS essentiel.
Den Inneminister Léon Gloden huet iwwerdeems ugekënnegt, datt den LU-Alerte System ab 2025 all éischte Méindeg am Mount, zesumme mat de Sireenen aus de Gemengen, wäert getest ginn.