Radioen

On air

Concert  |  Concert

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Banco Espirito Santo: "Prozess vum Joerzéngt" a Portugal

Fraude a Korruptioun

Banco Espirito Santo: "Prozess vum Joerzéngt" a Portugal

No 10 Joer Ermëttlungen, Nieweprozesser a Verschibungen aus diverse Grënn, huet de Prozess vun der Bank Espirito Santo en Dënschden zu Lissabon ugefaangen. D’Faillite vun der BES am Joer 2014 hat desastréis Konsequenze fir déi portugisesch Ekonomie an huet ee finanziellt Lach vu Ronn 11 Milliarden Euro hannerlooss.

auto_stories

1 min

headphones

2 min

©  Joanjo Aguar Matoses play_arrow
Foto: Joanjo Aguar Matoses

Am Zentrum vun der Affär steet de Ricardo Salgado, deen d‘Bank geleet huet a Fraude a Korruptioun reprochéiert kritt. D‘Warscheinlechkeet, datt de mëttlerweil 80 Joer ale Mann, deen Alzheimer soll hunn, an de Prisong kënnt, ass awer ganz geréng. Wéini d‘Urteel gesprach gëtt ass nach net gewosst. 

Lauschtert eis Korrespondenz vu Lissabonplay_arrow