Radioen

On air

Tockcity  |  Machine Girl - Motherfather

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bangladesch: Mordenquête géint Ex-Premierministesch

No bluddeger Repressioun géint Regierungsprotester

Bangladesch: Mordenquête géint Ex-Premierministesch

Am Bangladesch ass eng Enquête wéinst Mord opgemaach ginn géint d‘Ex-Premierministesch Sheikh Hasina. Géint si an 2 weidere Membere vun hirer Regierung, grad wéi géint 4 Polizisten, gëtt wéinst dem Mord un engem Mann wärend de Manifestatiounen am Juli enquêtéiert, wéi e Geriicht zu Dakha matgedeelt huet.

auto_stories

1 min

Foto: picture alliance / NurPhoto | Rehman Asad

D‘Police am Bangladesch steet schaarf an der Kritik wéinst der bluddeger Repressioun vun den anti-Regierungsmanifestatiounen leschte Mount. 450 Mënsche sinn dobäi ëm d‘Liewe komm – dorënner 42 Polizisten. Déi 76 Joer al fréier Premierministesch Hasina ass an Indien geflücht.