Den idylleschen Image vu Schwede passt scho laang net méi bei d’Realitéit: Schéissereien, Bommenexplosiounen a Bandekricher sinn Alldag ginn. D’Land stécht zënter 2014 an enger Gewaltspiral, déi vill Doudesaffer gefuerdert huet.
Versoe vum Staat?
D’Ursaache si vilfälteg: Schweden ass ënner anerem e wichtegt Dréikräiz fir den Drogenhandel an Nordeuropa an d’Groussstied hu vill sozial Brennpunkten, an deene rivaliséierend Banden hir Konflikter eskaléiert hunn. Besonnesch de fréie Gebrauch vu Smartphones am Land hätt 2013 den Zougang zu Schosswaffen an Droge vereinfacht, seet de Kriminolog Sven Granath.
“Déi digital Infrastruktur koum fréi a Schweden un an do hu mir och dëse rasanten Zouwuess un dëser Gewalt erlieft.”
De Granath gesäit d’Waffegewalt mëttlerweil als Epidemie un, déi ëmmer méi Deeler vum Land betrëfft. Datt et grad a Schweden dozou kënnt, gesäit d’Evin Cetin och als Versoe vum Staat un. Als Affekotin huet si Famillje vun Affer vertrueden a konstatéiert haut eng richteg Gewaltkultur, déi sech etabléiert huet.
“Wann een eng Kultur vun Ermuerdunge schaaft, da wäert een dës och kréien.”
Vulnerabel Jugendlecher gi cibléiert
Fir e Buch huet d’Evin Cetin jugendlech Krimineller interrogéiert. Sie vergläicht dës Bandemembere mat Kannerzaldoten a Krichsregiounen. Et wiere Jugendlecher, oder souguer Kanner, déi psychesch Problemer hunn, aus instabille Familljeverhältnisser kommen, a keng Zukunftsperspektiven hunn.
“Ee Kand, deem säin eegent Liewen net wichteg ass, deem wäert och d’Liewe vun aneren net wichteg sinn.”
Tëschent 2022 an haut sinn d’Schéissereien ëm een Drëttel zeréckgaang. D’lescht Joer koume 44 Persounen ëm d’Liewen. Dat wier op eng verstäerkt Policeaarbecht zeréckzeféieren, soen de Sven Granath an d’Evin Cetin. Awer och dorop, datt d’Täter ëmmer méi jonk ginn a méi Feeler maachen.
Well een ënner 15 Joer a Schweden net strofrechtlech belaangt ka ginn, rekrutéieren d’Banden ëmmer méi Jugendlecher tëschent 12 a 14 Joer. Entweder iwwer d’Sozial Medien, oder se cibléiere vulnerabel Jugendlecher a Problembezierker. Et hätt sech eng richteg Optraagswirtschaft etabléiert, seet d’Evin Cetin.
“D’Bande schreiwen online: 'Mir sichen eng Persoun fir e Bommenuschlag op eng Wunneng', an d’Kanner streide sech dorëm. Et ass eng néi Gig-Economy.”
Fir e Buch huet d’Evin Cetin jugendlech Krimineller interrogéiert. (Foto: Per Englund)
De Prisong als effektiv Ofschreckung?
D’Regierung wëll elo speziell Jugendprisonge fir Täter tëschent 15 a 17 installéieren a préift och eng Alterslimitt fir déi Sozial Medien. Dat kéint hëllefen, seet de Sven Granath. Virum allem missten awer méi Täter gefaasst ginn.
“Soulaang een net doru gleeft, gefaasst ze ginn, wäert de Prisong keng effektiv Ofschreckung sinn.”
Déi jonk Schrëftstellerin Faysa Idle huet de Bandekrich perséinlech ze spiere kritt: Hire beschte Frënd an ee Brudder vun hir sinn de Schëss zum Affer gefall. Si seet, d’Bande géingen de Jugendlechen dat ginn, wat si sichen.
“Si gi rekrutéiert vun Typpen, déi sech ëm si këmmeren, déi si gesinn. Dat ass de Problem: D’Kanner fille sech dacks am Stach gelooss.”
Deel vun der Gesellschaft ginn
D’Faysa Idle selwer hat e Präisschëld: 10.000 Euro fir hiren Doud. Déi permanent Angscht hätt dozou gefouert, datt si net méi liewe wollt. Haut ass dat anescht, well si e Sënn am Liewe fonnt huet an dat misst een de Jugendleche vermëttelen amplaz si ze verurteelen
“Persoune wéi mir gleewen, datt si keng Plaz an der Gesellschaft hunn, datt mir op éiweg fir dat jugéiert ginn, wat mir gemaach hunn.”
Fir ze verhënneren, datt dës Teenager an d’Hänn vun de Bande geroden, do si sech d’Faysa Idle, d’Evin Cetin an de Sven Granath eens, misst een hinnen d’Gefill ginn, Deel vun der Gesellschaft ze sinn. Dat huet Schwede laang Jore verpasst.