Radioen

On air

De Weekend  |  Moiespanorama

play_arrow Live
search

/ Baltimore: No Schëffskollisioun mat Bréck, 6 presuméiert Doudeger

Ongléck an den USA

Baltimore: No Schëffskollisioun mat Bréck, 6 presuméiert Doudeger

Zu Baltimore ginn d‘Autoritéiten elo vu sechs Doudegen aus, nodeems gëschter e Containerschëff an eng Bréck gerannt war, déi dunn an de Koup gefall ass.

auto_stories

1 min

Bréck Baltimore | © picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza
Bréck Baltimore (Foto: picture alliance / NurPhoto | Kyle Mazza)

Sechs Leit, déi vermësst goufen, wieren aller Warscheinlechkeet no dout, déi aktiv Sich no hinne wier gestoppt ginn, et wéilt een elo nach hir Läiche recuperéieren, esou d‘Autoritéiten. Bei den Affer géif et sech ëm Aarbechter handelen, déi nuets op der Bréck geschafft hunn. Zwou Persoune konnte gerett ginn, eng dovun ass an engem kriteschen Zoustand.

Um Containerschëff war de Stroum ausgefall, d‘Schëff konnt net méi gesteiert ginn, an et ass an e Potto vun der Bréck gerannt. De President Joe Biden huet staatlech Hëllef annoncéiert fir d‘Bréck nees opzebauen.