De Programm fir sougenannte VEFA-Projeten (ventes en l'état futur d’achèvement) war d'lescht Joer lancéiert ginn, fir ënner anerem och de Bauentreprisen ze hëllefen.
Claude Meisch: Staat geet selektiv vir
No Froe vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic gëschter iwwert d'Kris am Bausecteur, huet de Claude Meisch preziséiert, datt et ëm bal 650 VEFA-Wunnenge geet, déi de Staat scho kaaft huet, se reservéiert huet, oder a Verhandlungen doriwwer ass.
"Mir hunn 89 Dossieren erakritt, déi mir analyséiert hunn, vu privaten Immobilienentwéckler, déi gesot hunn: 'Ech kann deen dote Projet um private Marché net ofsetzen. Ass dat eppes, wat de Staat interesséiert.' Mir hunn der bis elo 15 aktéiert, mir hu 5 Contrats de réservation (...), mir si bei 9 aneren Dossieren an der Analys an an der Negociatioun dran."
Et hätt een awer a 60 Fäll och refuséiert, wat weise géing, datt de Staat selektiv virgeet, esou de Claude Meisch. Meeschtens, well ee sech beim Präis net eens ginn ass.
De Logementsminister huet awer gëschter an der Chamber ugedeit, datt de Plafond fir den Terrainspräis beim VEFA-Opkafprogramm jee no Regioun no uewe kéint ugepasst ginn.