Radioen

On air

Kultur um 5  |  Kollaborateuren, Kollateralschued a Konsequenzen

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Bal 650 VEFA-Wunnengen huet de Staat schonn opkaf oder fir sech reservéiert

Logement

Bal 650 VEFA-Wunnengen huet de Staat schonn opkaf oder fir sech reservéiert

De staatlechen Opkafprogramm vu Wunnengen op Plang soll mëttel- a laangfristeg virugeféiert ginn. Dat huet de Logementsminister Claude Meisch gëschter um Mëttwoch an der Chamber ugekënnegt. Doduerch kéint de Staat säin eegenen Immobiliepark vergréisseren.

auto_stories

1 min

headphones

1 min

© Rupert Oberhäuser / picture alliance play_arrow
Foto: Rupert Oberhäuser / picture alliance

De Programm fir sougenannte VEFA-Projeten (ventes en l'état futur d’achèvement) war d'lescht Joer lancéiert ginn, fir ënner anerem och de Bauentreprisen ze hëllefen.

Claude Meisch: Staat geet selektiv vir

No Froe vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic gëschter iwwert d'Kris am Bausecteur, huet de Claude Meisch preziséiert, datt et ëm bal 650 VEFA-Wunnenge geet, déi de Staat scho kaaft huet, se reservéiert huet, oder a Verhandlungen doriwwer ass.

"Mir hunn 89 Dossieren erakritt, déi mir analyséiert hunn, vu privaten Immobilienentwéckler, déi gesot hunn: 'Ech kann deen dote Projet um private Marché net ofsetzen. Ass dat eppes, wat de Staat interesséiert.' Mir hunn der bis elo 15 aktéiert, mir hu 5 Contrats de réservation (...), mir si bei 9 aneren Dossieren an der Analys an an der Negociatioun dran."

Lauschterenplay_arrow

Et hätt een awer a 60 Fäll och refuséiert, wat weise géing, datt de Staat selektiv virgeet, esou de Claude Meisch. Meeschtens, well ee sech beim Präis net eens ginn ass. 

De Logementsminister huet awer gëschter an der Chamber ugedeit, datt de Plafond fir den Terrainspräis beim VEFA-Opkafprogramm jee no Regioun no uewe kéint ugepasst ginn.