Radioen

On air

Tockcity  |  Kinky Friedman - See You Down The Highway

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ BGL BNP Paribas: Robust Zuelen am Joer 2023

Bilan 2023

BGL BNP Paribas: Robust Zuelen am Joer 2023

Trotz dem aktuelle Kontext mat enger héijer Inflatioun huet d’BGL BNP Paribas robust Resultater 2023 presentéiert. Deemno wier de Produit net bancaire 2023 ëm 9 Prozent erop gaange par rapport zum Joer 2022.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

De Benefice läit bei ronn 578 Milliounen Euro. Wat enger Hausse vu ronn 42 Prozent par rapport zu 2022 entsprécht. D’Hausse vun de Resultater erkläert sech zum Deel doduerch, datt d’Bank hire Sëtz um Kierchbierg verkaf huet. Den ajustéierte Benefice ass par rapport zu 2022 ëm 8 Prozent geklommen.

Fir d’Geschäftsjoer 2023 ginn Dividenden an héicht vu ronn 355 Milliounen Euro ausbezuelt. Dovunner gi ronn 120 Milliounen un de Lëtzebuerger Staat ausbezuelt, deen zënter der Finanzkris 2008 Aktionär bei der BGL ass.

Positiv Entwécklung trotz schwieregem Kontext

D’Bank stellt fest, datt et trotz engem ekonomesch schwierege Kontext d’lescht Joer eng liicht positiv Entwécklung am Beräich vun de Kreditter gi wier. Dozou de CFO Laurent Jaansen

„La nouvelle qui reste encourageante dans le contexte que nous connaissons tous, de ralentissement de la demande, fort ralentissement de la demande de crédit immobilier, c'est que les crédits moyens sont en hausse de 1 pourcent par rapport à l'année dernière.“

Käschte fir de Kreditrisiko ze decken, géifen op engem nidderegen Niveau bleiwen, mat enger klenger Hausse par rapport zum Joer virdrun. Et wieren och wéineg Retarde beim Remboursement vun den Immobilieprête ginn erkläert de CFO Laurent Jansen.

40 Prozent Fraen am Senior Management an den nächsten zwee Joer

D’Investitioune géife weider goen esou d’BGL BNP Paribas mat engem Fokus op Wuesstem, Technologie an Nohaltegkeet. Diversitéit wier en anere Punkt, op deem d'Bank schafft, mat engem Zil vu 40 Prozent Fraen am Senior Management an den nächsten zwee Joer. Dozou d’Béatrice Belorgey, Presidentin vum Comité Exekutiv:

„Si la banque a une population équilibrée en termes d'hommes et femmes au global, ce n'est malheureusement pas le cas quand on regarde la population des cadres et encore moins celle du senior management.“

D'Bank géif sech och beméie fir sech un nei Aarbechtsmethoden unzepassen déi zënter dem Covid entstan wieren, an hir Gebaier deementspriechend ze gestalten huet et weider geheescht.