Radioen

On air

Notturno  |  Laurent Bardainne & Tigre d'Eau Douce - Oiseau Feat. Bertrand Belin

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Autoen um Trottoire: Däitsch Awunner kënne sech zukünfteg besser wieren

Geriicht schwätzt Urteel

Autoen um Trottoire: Däitsch Awunner kënne sech zukünfteg besser wieren

An Däitschland kënnen Awunner géint Autoe virgoen, déi beim Parken zum Deel op den Trottoire stinn. Dat huet d‘Bundesverwaltungsgeriicht zu Leipzig decidéiert nodeems fënnef Leit vu Bremen geklot haten.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

Et geet ëm Autoen, déi beim Parke mat zwee Rieder um Trottoire stinn an do de Foussgänger d‘Plaz ewech huelen.

A villen däitsche Gemenge gëtt dat implizitt erlaabt. Mam Geriichtsurteel elo kruten d‘Awunner awer d‘Recht, sech ze wieren, a vun den Autoritéiten ze verlaangen, datt si géint Autoen intervenéieren, déi zum Deel um Trottoir stinn.