Radioen

On air

Spektrum  |  Pearl & The Oysters - Side Quest

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aus dem Takt: "How Will I Live Without A Body"

Album vun der Woch

Aus dem Takt: "How Will I Live Without A Body"

All Band huet hir eege Geschicht doriwwer, wéi si d’Pandemie duerchlieft huet. Déi vum texaneschen Trio Loma ass awer esou ongewéinlech, datt et derwäert ass, se nach eemol ze erzielen.

auto_stories

3 min

Foto: Bandcamp

Zwee Albumen haten d’Emily Cross, Dan Duszynski an de Jonathan Meiburg zesummen opgeholl, ier Covid-19 koum an hir Pläng duerchernee bruecht huet. Op eemol hunn sech déi dräi Museker:innen a verschidde Länner erëmfonnt: Den Jonathan Meiburg huet an Däitschland fir e Buch recherchéiert, den Dan Duszynski huet an Texas weider a sengem Studio produzéiert, an d’Emily Cross huet sech am engleschen Dorset installéiert an do als End-of-life-Doula geschafft.

Leit op hirem leschte Wee begleeden

De Begrëff Doula kennt een éischter a Verbindung mam Ufank vum Liewen. Als Doula bezeechent een eng Persoun ouni medezinesch Ausbildung, déi eng Begleedung wärend der Schwangerschaft an der Gebuert kann assuréieren. D’Emily Cross huet sech awer dofir entscheet, Mënschen éischter um Enn vun hirem Liewen ze betreien, an op hirem leschte Wee present ze sinn. An engem alen Atelier, dee fréier genotzt gouf, fir Särg ze bauen, huet „How Will I Live Without A Body“, den drëtten Album vu Loma am Januar 2023 ugefaangen, Form ze kréien.

Et mengt een de Schnéi erauszehéieren

Dorset war deemools ënner enger déiwer Couche Schnéi begruewen an déi mengt een an den eelef Lidder bal ze héieren. Piano, Bass a Batterie ginn ergänzt duerch Opname vun Naturgeräischer, duerch ganz subtil Bléiserarrangementer an deenen den Otem vun de Museker:innen zum Instrument gëtt, an duerch der Emily Cross hir lëfteg Stëmm, déi sech ëmmer erëm a ville Couchen iwwertenee leet. Dozou passt et och, datt de Gesang mat sengem ganz speziellen Hall, an der Ruin vun enger Kapell aus dem zwielefte Joerhonnert opgeholl gouf.

Eng kënschtleresch Kënschtlech Intelligenz

Fir den Titel vun hirer Plack hunn sech Loma iwweregens vun enger KI, also enger kënschtlecher Intelligenz inspiréiere gelooss. Awer net egal wat fir eng kënschtlech Intelligenz. Et ass e Programm, dee vun der Avant-Garde Kënschtlerin Laurie Anderson entwéckelt gouf. De grousse Publikum kennt si fir hiren Titel “O Superman”, deen 1981 zu engem Iwweraschungshit gouf. Op alle Fall huet si eng KI mat hirem ganze Wierk gefiddert a wann een dës dann dozou opfuerdert, erfënnt si en Text, deen am Sënn vun der Laurie Anderson ass. Et ass eng kënschtleresch kënschtlech Intelligenz souzesoen.

Lidder déi klengen, wéi wa se kéinte fortfléien

D’Fro « How Will I Live Without A Body » bezitt sech zum Deel awer och dorop, datt d’Lidder kléngen, wéi wa se e bëssen iwwer dem Buedem géife schwiewen, an se just ganz neelech vun e puer Pianosnouten a mat de Biischte gespillter Batterie dorunner gehënnert ginn, ganz fort ze fléien. Lues fänken se un, d‘Kompositioune vu Loma, Stécker wéi « How It Starts » oder « Arrhythmia » steigeren sech dann awer virsiichteg mee konstant, bis zu engem finale Crescendo, an deem sech elektronesch an akustesch Kläng verbannen.

Loma kéinte genee sou gutt Electronica oder alternative Rock spillen, mee si setzen d’Dynamik an déi konstant Spannung mat de Mëttele vum Chamber Pop ëm. “How Will I Live Without A Body” ass en Album, deen als Ganzt konzipéiert gouf an och esou am Beschte funktionéiert. E vermëttelt beim Nolauschteren eng beandrockend Rou, déi absolut net esou kléngt, wéi wann se vun enger Band kéim, déi drop an dru war auserneen ze briechen.

 

Musek
Nei Musek