Radioen

On air

Notturno  |  Arnold Kasar - Rolling - Roedelius & Arnold Kasar

play_arrow Live
search

/ Aus dem CHNP fortgelaf: Flüchteg Persoun war net wéinst Strofdote veruurtelt

Uganks des Mounts

Aus dem CHNP fortgelaf: Flüchteg Persoun war net wéinst Strofdote veruurtelt

D‘Persoun, déi am CHNP zu Ettelbréck placéiert an Uganks des Mounts fortgelaf war wier kee veruerteelte Stroftäter a wier och net aus dem CHNP ausgebrach. Dat stellen den Inneminister an d‘Minister fir Justiz a Gesondheet an hiren Äntwerten op zwou parlamentaresch Froen zum Thema kloer.

auto_stories

1 min

Déi betraffe Persoun wier, well si scholdonfäeg ass, iwwert d‘Justiz an de CHNP placéiert ginn. Se wier bei enger accompagnéierter an autoriséierter Sortie fortgelaf. D‘Persoun war vun der Police als potentiell geféierlech agestuuft ginn.

Si hätt awer keng Waff bei sech gehat an et wieren zu kengem Moment Drëttpersounen a Gefor gewiescht, esou d‘Minister. Wéi et zu der Flucht konnt kommen, hätt fir den Ament nach net kënnen analyséiert ginn, well dofir de Patient am CHNP misst present sinn.

Donieft bräicht déi Analys Zäit. A wéi wäit d’Sécherheetskonzept vum CNHP muss iwwerschafft ginn, kann eréischt no der Analys beurteelt ginn. D’Infrastrukture vum CHNP wieren iwwerdeems net betraff, well de Patient jo net aus dem Gebai ausgebrach oder fortgelaf ass.