Radioen

On air

Notturno  |  Bill Callahan - Natural Information

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Assad soll zu Moskau ukomm sinn - International Reaktioune fale positiv aus

International

Assad soll zu Moskau ukomm sinn - International Reaktioune fale positiv aus

De Baschar al-Assad a seng Famill sinn zu Moskau ukomm. Dat mellt ënner anerem déi russesch Noriichtenagence tass, déi sech op de Kreml berifft. Russland hätt aus, wéi et heescht "humanitäre Grënn", Asyl accordéiert. Russland huet jorelaang als wichtegen Alliéierte vun der Assad-Regierung gegollt.

auto_stories

2 min

© picture alliance/dpa | Roberto Pfeil
Foto: picture alliance/dpa | Roberto Pfeil

No der Chute vum Assad wëllt sech elo den UN-Sécherheetsrot op Demande vu Russland iwwer d'Situatioun a Syrie beroden. Dat vun den Owend eiser Zäit un. 

Iwwerdeems sinn zu Damaskus dausende Leit an de Presidentepalais, an deem Assad seng privat Residenz an an déi iranesch Ambassade agedrongen. Dobäi sollen eng Partie Saachen a Brand gesat gi sinn.

Hoffnung op eng besser Zukunft

D'Enn vum Assad-Regimm huet och international fir eng Partie Reaktioune gesuergt. Den EU-Conseilspresident Antonio Costa schwätzt vun neie Méiglechkeeten a Fräiheete fir all syresch Bierger. D'EU wier prett, fir mat hinne fir eng besser Zukunft ze schaffen. Der EU-Baussebeoptraagter Kaja Kallas no géif dës positiv a laang erwaarten Entwécklung och d'Schwächt vum Assad, senge Supporter, wéi och vu Russland an dem Iran weisen. Elo wier et déi éischt Prioritéit, d'Sécherheet an der Regioun ze garantéieren.

Den Nach-US-President Joe Biden huet d'Chute vum Assad als eng historesch Geleeënheet fir d'Gerechtegkeet beschriwwen an ugekënnegt, datt déi ronn 900 amerikanesch Zaldote bis op Weideres a Syrie bleiwen. D'USA géifen net zouloossen, datt d'Terrormiliz IS d'Situatioun notze géif fir den eegenen Afloss erëm opzebauen, esou nach den Joe Biden.

Och dem Lëtzebuerger Ausseminister Xavier Bettel no wier et elo wichteg, datt dat internationaalt Vëlkerrecht applizéiert gëtt, fir Zivilisten an Infrastrukturen ze schützen.