arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ass d'Pro-Atomenergie-Stëmmung a Frankräich op engem neien Héichpunkt?

Energie

|
headphones

4 min

headphones

13 min

play_arrow

Ass d'Pro-Atomenergie-Stëmmung a Frankräich op engem neien Héichpunkt?

Et deit villes drop hin, datt d'Lafzäit vun de véier Atomreaktere vu Cattenom, déi ewell 40 Joer um Bockel hunn, nach eemol ëm 10 Joer verlängert gëtt. Net verwonnerlech, wann een déi aktuell Stëmmung a Frankräich zu deem Theema bewäert.

headphones

4 min

headphones

13 min

play_arrow

Virun e puer Deeg krut den Energiekonzern EDF nämlech vun der franséischer ANS, der Autorité de sûreté nucléaire, gréng Luucht fir eng Verlängerung unzefroen. Iwwregens net just fir Cattenom, mee och nach fir eng Rei aner 1.300 Megawatt Reaktere vum selwechten Typ.

Greenpeace Lëtzebuerg weist sech wéineg verwonnert

Een, deen dat ganz kritesch gesäit, ass de Roger Spautz vu Greenpeace Lëtzebuerg. Hie kämpft zënter Laangem géint eng Lafzäitverlängerung vu Cattenom. Et wier awer virauszegesi gewiescht, datt d'Lafzäit verlängert géif ginn.

"Ech mengen, déi Reakteren, déi jo nach méi al sinn, dat sinn déi sougenannten 900 Megawatt Reakteren. An do hunn déi franséisch Autoritéite virun e puer Joer schonn decidéiert, fir do d'Lafzäit vun deenen ze verlängeren, ëm 10 Joer."

D'ANS huet elo gréng Luch ginn, elo muss awer nach fir all Reakter eng detailléiert Analys gemaach ginn, am Kader och vun der Iwwerpréiwung, déi all 10 Joer gemaach gëtt. An deem Kontext gëtt och gekuckt, wéi een Impakt eng Verlängerung vun der Lafzäit op d'Ëmwelt huet, erkläert de Roger Spautz. 

Juristescht Virgoe vum Lëtzebuerger Staat?

Och fir d'Nopeschlänner ass dëst natierlech wichteg. Do erwaart ee sech bei Greenpeace Lëtzebuerg och, datt de Lëtzebuerger Staat juristesch géint d'Decisioun vum franséische Staat virgeet. 

"Mir erwaarden, datt de Lëtzebuerger Staat, eventuell zesumme mam Saarland an esou weider, datt déi sech elo scho preparéieren a sech d'Moyene ginn, fir déi Etüden, déi wäerte kommen an engem Joer, fir déi wierklech ganz genee ze analyséieren, fir do drop ze reagéieren an och fir eventuell juristesch virzegoe géint d'Lafzäitverlängerung."

D'Regierung huet an hirem Koalitiounsaccord stoen, se géif sech bei de franséischen Autoritéite fir eng Fermeture vu Cattenom asetzen. Déi wichteg Fro wier dem Roger Spautz no awer, wéi wäit ee bereet ass, ze goen.

"Schreiwe si just e Bréif op Paräis, datt si soen, si wären net d'accord mat enger Lafzäitverlaangung, oder gi si sech eventuell och juristesch Moyenen, fir dat ze probéieren ze veränneren?"

Héchste Sécherheetsniveau kann ni erreecht ginn

Greenpeace Lëtzebuerg hat d'lescht Joer en Avis vun engem Expert virgeluecht, deen zu der Conclusioun komm war, datt et net méiglech wier, déi 1.300 Megawatt Reakteren, wéi se zu Cattenom stinn, esou opzerüsten, datt ee vun engem Sécherheetsstandpunkt kéint de Kapp a Rou leeën. Do koumen déi franséisch Autoritéiten definitiv zu enger anerer Schlussfollgerung.

De Roger Spautz erkläert, datt de Reakter duerchaus méi sécher gemaach ka ginn, mee eng Oprüstung kéim ni un déi modern Sécherheetsstandarde vun neie Reakteren erun.

"Ee vun de Schwaachpunkten, dat sinn déi Gebaier, wou déi sougenannte Piscinne mat den ofgebrannte Brennstief sinn. Déi Gebaier sinn zum Beispill net geschützt géint de Fligercrash."

Wat misst gemaach ginn, wéi bei engem moderne Reakter, wier eng Zort "Schutzhülle" ronderëm ze bauen. Dat wier eng Aarbecht, déi natierlech ganz deier fir d'EDF géif ginn. Dofir géingen d'Autoritéiten dat och net virschreiwen, mengt de Roger Spautz.

Keng Äntwert op de Klimawandel

Eppes anescht, wat ënner Ëmstänn souguer nach méi Suerge mécht wéi just eng eventuell Lafzäitverlängerung vu Cattenom, dat ass allgemeng déi Pro-Atomenergie-Stëmmung a Frankräich. Rezent huet déi sech ausgedréckt an engem Gaaschtbäitrag an der Press vum Inneminister Bruno Retailleau, dee geschriwwen huet, d'Atomenergie misst absolutt Prioritéit hunn. Wand- a Solarenergie géifen de Staat einfach ze deier ginn.

D'Anti-Atomlobby huet et definitiv schwéier am Moment. D'Atomindustrie a Frankräich wier quasi e "Staat am Staat", seet de Roger Spautz.

"De President huet jo scho virun e puer Joren ugekënnegt, datt si nei Reaktere wëlle bauen. Frankräich huet wëlles, weider op d'Atomenergie ze setzen."

Eppes betount de Roger Spautz awer och: Ee vun den Argumenter wier ëmmer, datt d'Atomenergie eng Léisung géint de Klimawandel wier. Mee et misst een awer ganz kloer soen, datt de Klimawandel och Problemer bréngt fir d'Atomkraaftwierker. Dat hätt een elo nach rezent gesinn. Ee Reakter hätt missen ofgeschalt ginn, well d'Loire ze waarm war.

"Dat heescht, och mam Klimawandel wäerten nei Problemer an der Atomenergie optrieden. An et ass definitiv keng Léisung.", esou de Roger Spautz.

 

 

play_arrow Lauschteren