De franséische Wirtschaftsminister Bruno Le Maire sot gëschter Owend op TF1, de franséische Staat misst elo direkt 10 Milliarden Euro bei den Depense spueren, well manner Steier-Recette era koume wéi erwaart.
Déi revidéiert Wuesstemsprevisioun géif deem neie geo-politesche Kontext Rechnung droen, sou de franséische Wirtschaftsminister. Nieft de Kricher an der Ukrain an am Noen Osten huet de Bruno Le Maire och nach e staark Ofbremse vun der chineesescher Wirtschafts genannt, an déi ekonomesch Rezessioun zejoert an Däitschland.