Hie war als Moler a Sculpteur bekannt. Zanter den 80er Joren huet hie méi ewéi 50 Expositioune gemaach. Ënner anerem an der Diddelenger Galerie Dominique Lang. Den Armand Strainchamps huet sech och am Film ausgedréckt. Am Joer 2000 hat hien de Liichtspektakel am Laminoire zu Diddeleng organiséiert. 2007 huet hien och de Film „Diddeleng - 100 Joer – 100 Gesichter“ gedréit… an 1988 war hien och ee vun de Produzente vum Troublemaker mam Thierry Van Werveke.
Dat Wierk vun him, wat wuel am meeschte vum grand publique betruecht gëtt, ass de Plaffong vun der Stater Gare, deen hien 1994 nei gestalt hat.