Ukënnegt ass awer och zum Beispill de spuenesche Kinnek Felipe an den ukrainesche President Wolodymyr Selenksyj.
De Milei gëtt de Mëtteg vereedegt a wäert op der Trapp vum Parlament seng Untrëttsried halen, an dann am Regierungssëtz Casa Rosada déi auslännesch Gäscht empfänken. Gespannt gëtt drop gewaart a wéi wäit den ultraliberalen Ökonom seng radikal Walkampfversprieche wäert zur Realitéit maachen.
Hie wéilt den Dollar als Zahlungsmëttel duerchsetzen, vill Ministèren ofschafen,an d‘Sozialdepensen drastesch kierzen. Zanter senger Wal ass säin Toun scho méi gemäässegt ginn.