Et wieren 13.000 Mënsche verletzt ginn, esou d‘Autoritéit, déi vun der radikalislamescher Hamas kontrolléiert gëtt. D‘Zuele loosse sech net onofhängeg iwwerpréiwen.
Informatioune vun der israeelescher Arméi no soll de Ministère d‘Zuel vun den Doudegen no enger Explosioun an engem Spidol am Gazasträif iwwerdriwwen hunn. Israel schwätzt vu geziilter Desinformatioun.
Israel schwätzt op hirem Territoire vu ronn 1.400 Affer.
Ronn 200 Geisele sollen an der Gazasträif sinn
Déi israeelesch Arméi geet dovun aus, datt d‘Majoritéit vun de Geiselen, déi vun den Hamas am Gaza gekidnappt goufen, nach liewen. Vun de ronn 200 Geiselen an der Gazasträif wieren der 20 Mannerjäreg, tëschent 10 an 20 wieren iwwer 60 Joer al.
De franséisch President Emmanuel Macron huet de Famille vun de franséische Geiselen haut an enger Videokonferenz versprach, datt alles gemaach gëtt, fir déi Leit gesond zeréck ze bréngen.