Radioen

On air

Notturno  |  Sidney Gish - Filming School

play_arrow Live
arrow_back_ios

Musek a Kultur

Musek a Kultur

/ Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

Sot emol

Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière

D’Annette Schlechter ass eleng vum Numm hir ganz enk mat der Kultur verwuerzelt. Si ass Schauspillerin a si war a sëllege Rollen op der Bün, mee awer och a Filmer ze gesinn. An et kann een esou guer soen, datt si deen Don vun hiren artisteschen Aktivitéite quasi mat an d’Wéi geluecht krut.

auto_stories

4 min

headphones

58 min

play_arrow
Foto: Jean-Claude Majerus

Der Annette Schlechter hire Papp war de Ger Schlechter an hie war selwer Acteur an och e Radiosmënsch. An dann ass hire Brudder den Auteur Lambert Schlechter. A si stoung och heefeg mat hirem Mann, dem Acteur Max Pütz, op der Bün oder virun der Kamera.

“Ech géif et nach emol maachen”

E groussen Deel vun hirem Liewen huet awer der Fleeg vu kranke Mënsche gehéiert, well d’Annette Schlechter war an ass Infirmière. Een éierbare Beruff, virun deem een ëmmer nees e grousse Respekt weise soll a muss.

Mee wou d’Digitaliséierung am Infirmiersberuff ugaangen ass, do huet d’Annette Schlechter awer d’Handduch gehäit. D’Annette Schlechter seet, datt si dunn als Infirmière als Geste all Demarche huet mussen dokumentéieren, an doduerch hate si keng Zäit méi fir mat de Patienten ze schwätzen, fir sech ëm d’Leit ze bekëmmeren.

“An do hunn ech gesot: 'Neen, dat do maachen ech net méi mat.' An do hunn ech virzäiteg meng Pensioun ugefrot, déi ech natierlech dunn net krut.”

D’Annette Schlechter freet sech dacks, wa si an engem Spidol d’Leit gesäit a groussen Zëmmeren um Computer schaffen, ob dat Medezin vun haut ass? Wat de Beruff vun der Infirmière oder dem Infirmier ugeet seet d’Annette Schlechter awer och.

“Jo, jo, ech géif et nach eng Kéier maachen, awer ënnert den ale Konditiounen.”

“Ech hunn eppes gesicht”

D’Annette Schlechter huet schonn als Kand mat siwe Joer bei de Wichtelcher ugefaangen Theater ze spillen Hir éischt Roll war de Pompjee Watz an engem Märchen, wou een d’Prinzessin huet mussen un d’Laache kréien, fir datt si erëm konnt schwätzen. Vun do u war si als kleng Actrice lancéiert.

An et goung weider, well ugangs de 1970er Joren huet d’Annette Schlechter no Beschäftegung gesicht. Si ass bei de Marc Olinger an déi franséisch Dictioun, grad ewéi an den Art dramatique gaangen. A ganz séier huet si och hir éischt Roll gespillt am Stéck “L’événement” a franséischer Sprooch.

“Ebe well ech zu Arel an der Schoul war. Do hat ech quasi keen däitsch an ech hat e schrecklechen Accent am Däitschen, deen de Frank Hoffmann mir e bëssen ausgedriwwen huet.”

“Ech maachen zënter 51 Joer Theater”

D’Annette Schlechter ass bal selwer erféiert, wou si sech bewosst ginn ass, datt si schonn zënter 51 Joer op der Bün steet a quasi ee Stéck nom anere gespillt huet.

“Ech hunn ni grouss Rolle gehat a de verschiddenen Stécker, mee dacks Rollen, wou de Marc keen Anere fonnt huet. Ech hu ganz oft Männer gespillt mat menger Stëmm.”

E Stéck kann een awer erausgräifen: “La Matriarche” vum Gilbert Leautier. E Monolog, mat deem d'Annette Schlechter iwwert d’Grenzen eraus op Tournée war.

“Op der Bün ware mir zwee Acteuren”

D’Annette Schlechter stoung och dacks zesumme mat hirem Mann, dem Max Pütz, op der Bün. A wa si zesummen an enger Produktioun geschafft hunn, sief dat am Theater oder am Film, war hir Approche ëmmer ganz professionell.

“Op der Bün ware mir zwee Acteuren an doheem konnte mir maachen, wat mir wollten. Hien huet virun allem dorobber gehalen.”

An doheem hunn d’Annette Schelchter an de Max Pütz och weider net driwwer geschwat, wat an der Prouf oder an de Virstellunge geschitt ass.

“Neen, mir hunn ons emol een deen anere mat de Rollen opgefrot, oder wa mir eng Zeen zesummen haten, dann hu mir déi zesummen doheem geprouft.”

Zwou Rollen, ee Film

“Antoine” war den Titel vum Lëtzebuerger Regisseur Cyrus Neshvad sengem Kuerzfilm vun 2014, an deem d’Annette Schlechter an de Max Pütz d’Haaptrolle gespillt hunn.

Ee Film, deen op 98 Festivalle gewise gouf, an am ganzen 22 Präisser krut. Wéi ënnert aneren de Präis als beschten Actrice fir d’Annette Schlechter um Festival international du Film Court zu Avignon, an de Präis als beschten Acteur um Festicini Festival zu Sao Paulo a Brasilien.

No dësem Film ass de Max Pütz ëmmer méi krank ginn. Mee déi schauspilleresch Passioun bleift awer eng dauernd Erënnerung, déi d’Annette Schlechter an de Max Pütz verbënnt, och wann de Max Pütz nom “Antoine” weider näischt méi konnt maachen.

“Bis dass hien elo den 11. Oktober Äddi gesot huet. Hien ass ageschlof, Hien huet och net gelidden.”

Lauschterenplay_arrow