Radioen

On air

Spektrum  |  Dives - Be Fine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ännerungen an der Chamber: Méi kuerz Riedezäiten a Chamberkommissiounen am Livestream

Neit Reglement

Ännerungen an der Chamber: Méi kuerz Riedezäiten a Chamberkommissiounen am Livestream

Haut de Mëtteg soll an der Chamber iwwer een neit Reglement ofgestëmmt ginn. Dëst Chamberreglement soll dozou bäidroen, d’Debatte méi modern an dynamesch ze maachen. Esou sollen d’Chamberkommissiounen an Zukunft fir de Public iwwerdroe ginn an och d’Riedenzäite ginn iwwerschafft. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Regierung an Oppositioun musse sech demnächst kuerz halen.

Parlamentaresch Chamberkommissioune solle vu Mëtt Abrëll u live iwwerdroe ginn, dat um Site vun der Chamber oder op Chamber TV. Dat hat de Chamberspresident Claude Wiseler scho bei senger éischter Ried am Dezember ugekënnegt.

Fënnef Kommissioune fir d'Testphas

Déi ganz Iddi sollt dann am Abrëll als eng Testphas ufänken, an där fir d‘éischt emol fënnef Kommissioune public ofgehale solle ginn, an zwar Landwirtschaft, Logement, Educatioun, Medien an Ëmwelt. Dëst soll fir méi Transparenz an der Chamber suergen.

Doriwwer eraus gëtt och iwwer d’Motioun zu de Riedezäiten ofgestëmmt. Déi sollen nämlech generell iwwerschafft ginn, fir d’Debate méi attraktiv ze maachen. Dem Claude Wiseler no wier et wichteg, d’Debaten ze reorganiséieren, fir nogelauschtert ze kréien. Dat hat de Chamberspresident ufangs dës Joers erkläert.

Nei wieren dann zwee Modeller: Eng Kéier mat an eng Kéier ouni Bericht fir iwwer nei Gesetzesvirschléi ofzestëmmen. Dobäi wier d’Riedezäit vun der Regierung a vum Rapporter oder der Rapportrice jee fënnef Minutte laang.

Regierung an Oppositioun musse sech kuerz halen

Generell sollen d’Zäite vun de Rieden an der Plenière gekierzt ginn. Esou zum Beispill bei engem zimmlech geleefege Modell, dem Modell 1. Do hunn d’Fraktiounen nach d’Hallschent an déi déi kee Fraktiounsstatus hunn nach siwen am Plaz zéng Minutte Riedezäit.  

Kuerz gesot misst souwuel d’Regierung wéi och d’Oppositioun mat manner Riedezäit auskommen.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik