Radioen

On air

Notturno  |  15 15 - Perfect Heaven

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Nicolas Schmit: Tëschent Enttäuschung a Skepsis

Nei EU-Kommissioun

Nicolas Schmit: Tëschent Enttäuschung a Skepsis

Fir den Nicolas Schmit ginn haut um Freideg 5 Joer EU-Kommissär op en Enn. Mat Skepsis bléckt de Sozialist op déi nei EU-Kommissioun. Datt hien als Spëtzekandidat kee Poste kritt huet trotz "honorabelem Resultat", wier e Manktem u Respekt vis-à-vis vun der demokratescher Legitimitéit.

auto_stories

4 min

headphones

13 min

Nicolas Schmit | © Chris Zeien play_arrow
Den Nicolas Schmit war 5 Joer laang Member vun der EU-Kommissioun. (Foto: Archiv)

Op sengem leschte Schaffdag huet et den Nicolas Schmit nach eng Kéier op Mailand verschloen. Do fënnt d’Joreskonferenz vun deenen europäesche Regioune statt, déi vun der Automobilindustrie gepräägt sinn. Aktuell sécherlech keen einfache Sujet, virun allem net op engem leschte Schaffdag.

Kee Posten an der neier Kommissioun: Loung "net nëmmen" un der Lëtzebuerger Regierung

Den Nicolas Schmit verréit, datt säi Büro zu Bréissel scho geraumt ass. Trotz der Spëtzekandidatur vum fréiere Lëtzebuerger Aarbechtsminister ass fir hie kee Posten an der neier Kommissioun erausgesprong. An och soss kéint een d’Sozialisten als grousse Verléierer vun de leschten Europawale gesinn: De Raffaele Fitto konnt net als Vizepresident verhënnert ginn, an och d’Brandmauer no riets ass net zustane komm.

Den Nicolas Schmit gëtt zwar net midd ze betounen, datt hien an d’Sozialisten een “honorabele Score” gemaach hunn, ka seng Enttäuschung awer net verstoppen. Et wier fir d’Sozialisten elo un der Zäit sech Gedanken ze maachen, op déi Entwécklung, déi een an de leschte Méint hannert sech hätt, déi richteg ass, esou de fréieren EU-Kommissär. An och op de Fait, datt hie perséinlech elo mat eidelen Hänn do steet, wëllt den Nicolas Schmit zwar net ze vill pochen, mee ganz onerwäänt bleift et net.

Säi Rôle vum Spëtzekandidat wier am Nachhinein op kengem Plang respektéiert ginn. Dat hätt mat der Lëtzebuerger Regierung ze dinn, "mee net nëmmen", betount de 70 Joer ale Politiker. 

"Hei ass eng gewëssen demokratesch Legitimitéit net respektéiert ginn. Wann ee vum Point de Vue vum Spëtzekandidat ausgeet misst deen och iergendwéi à tous les niveaux respektéiert ginn."

E politescht Spill vun der EVP

D’Ekipp vun der Ursula von der Leyen ass mat enger knapper Majoritéit vun 370 Stëmme gewielt ginn. An de leschten 30 Joer hat keng Kommissioun esou wéineg Réckewand wéi dës. Fir den Nicolas Schmit bleift eng Majoritéit eng Majoritéit, mee hie schwätzt awer vun engem "politesche Spill", dat virop vum Manfred Weber gefouert gëtt. Hien hätt probéiert, souwuel d’Extrême droite, wéi och den Zentrum zefriddenzestellen.

Dat Spill wier awer net ganz opgaangen, mengt den Nicolas Schmit. Vill Europadeputéiert hu kloer gemaach, datt si net wéilten mat der Extrême droite schaffen, an hunn dat och kloer gewisen. De Marc Angel beispillsweis huet sech beim Vott enthalen.

Op laang Siicht wäert d’Aarbecht vun der Kommissioun schwiereg ginn. Do ass sech den Nicolas Schmit relativ sécher. Zumools wat d’Zesummenaarbecht mam Parlament ugeet.

“Den Här Weber mengt, hien hätt d’Méiglechkeet, d’Koalitiounen ze echangéieren.”

Jee no Sujet géing d’EVP sech Votte bei d’Extrême droite, oder an den Zentrum siche goen, mee sou einfach wier dat net, mengt den Nicolas Schmit. Schliisslech hätten déi Liberal, d'Sozialisten an déi Gréng scho gesot, datt si net bereet wieren esou ee Spill matzemaachen.

Innepolitik op der europäescher Bün

Mee och een Deel vun der EVP hunn net fir déi nei Kommissioun gestëmmt. Eng Zort Giel Kaart? Nee, mengt den Nicolas Schmit. Hei géingen innepolitesch an europäesch Intressie vermëscht ginn, well et déi spuenesch Delegatioun war, déi dogéint gestëmmt huet. Dat, well si mat der Nominatioun vun der spuenescher Politikerin Teresa Ribera net averstane war. Déi spuenesch Ministerin fir déi ekologesch Transitioun steet no de rezenten Iwwerschwemmunge ronderëm Valencia an hirem Heemechtsland hefteg an der Kritik.

Datt awer innepolitesch Affären op der europäescher Bün ausgedroe ginn, dat wier net akzeptabel, esou den LSAP-Politiker.

Sozialdemokraten: Rôle a Positioun mussen iwwerduecht ginn

Iwwert kee Member vun der neier Kommissioun gëtt allerdéngs méi geschwat wéi de Raffaele Fitto, Member vun der rietskonservativer EKR-Fraktioun am Europaparlament, deen neie Vizepresident gëtt.

De Christophe Hansen huet rezent am 100,7-Interview d’Wichtegkeet vum Poste vum Vizepresident rofgespillt. Den Nicolas Schmit gesäit dat awer méi nuancéiert. Et wier salopp gesot "awer nach ëmmer säi Chef”" an et misst ee sech vill ënnerenee koordinéieren. Iwwerbewäerte géing hie säi Rôle awer och net, esou nach den Nicolas Schmit. 

D’Kapitel Europapolitik ass fir den Nicolas Schmit domadder ofgeschloss. Fënnef Joer laang war de gebiertegen Déifferdenger EU-Kommissär fir Aarbecht a sozial Rechter. Op sengem leschte Schaffdag leet hie sengen europäesche Parteikolleegen un d’Häerz, sech iwwert d’Zukunft wichteg Gedanken ze maachen.

“Ech mengen, datt et un der Zäit ass fir d’Sozialdemokrate sech Gedanken ze maachen, wat hire Rôle, wat hir Positioun an och hir Influenz iwwert déi nächst Jore wäert duerstellen. Ech mengen net, datt déi ganz Evolutioun vun de leschte Méint a Wochen ee grousse Succès ass.” 

Lauschterenplay_arrow