Radioen

On air

Notturno  |  Traumkapitän - Broken Crackery

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An der Regioun Belgorod gouf den Noutstand ausgeruff

Krich an der Ukrain

An der Regioun Belgorod gouf den Noutstand ausgeruff

De Gouverneur vun der russescher Regioun Belgorod huet de Moien den Noutstand ausgeruff. Wéinst dem Virstouss vun der ukrainescher Arméi wier d'Situatioun extreem schwiereg. Bei ukrainesche Bombardementer an der Regioun Belgorod wieren Haiser zerstéiert ginn an Zivilisten ëm d‘Liewe komm, esou dee regionale Gouverneur.

auto_stories

1 min

Belgorod | © picture alliance / globallookpress.com | Belkin Alexey
Foto: picture alliance / globallookpress.com | Belkin Alexey

De Virstouss vun der ukrainescher Arméi an déi russesch Regioune Kursk a Belgorod huet virun eppes méi wéi enger Woch, de 6. August, ugefaangen. Dem ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj no géifen déi ukrainesch Truppen elo 74 Uertschaften an deene Regioune kontrolléieren. 

Der Ukrain hiert Zil wier awer net, déi Uertschaften ze besetzen. Der Ukrain hire Virstouss an déi russesch Grenzregioune wier decidéiert ginn, well Russland vun do aus vill Attacken op d'Ukrain lancéiert hätt, esou nach de Wolodymyr Selenskyj.

An der Regioun Kursk war schonn d'lescht Woch den Noutstand deklaréiert ginn. Méi wéi 100.000 Leit goufen evakuéiert.