Radioen

On air

9 bis 1  |  Lescop - L'Hiver Sur Tes Lèvres

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ampacet: Streik geet virun

Véierten Dag

Ampacet: Streik geet virun

De Streik bei der Firma Ampacet zu Diddeleng geet virun. Et ass de véierten Dag vum Streik, deen e Méindeg ugefaangen hat. Dat nodeems d‘Direktioun vun der amerikanescher Firma de Kollektivvertrag gekënnegt hat, an d‘Verhandlunge fir een neie Vertrag gescheitert waren.

auto_stories

1 min

D‘Gewerkschaft OGBL gehäit der Direktioun vir, de Streik mat illegale Mëttel wëllen ze briechen. D‘Direktioun wéilt Interimairen op den Terrain brénge fir d‘Salariéën, déi streiken, ze ersetzen. Dat wier e Verstouss géint d‘Streik-Recht, sou den OGBL gëscht an engem Communiqué.

De Mëtteg um 3 Auer huet den OGBL huet e Solidaritéits-Rassemblement bei Ampacet zu Diddeleng organiséiert.