Nom Virfall am Atert-Lycée de 15. Oktober war d'Police kritiséiert ginn, well si ze spéit an ze knapp informéiert gehat hätt. Well dee Moien eng verdächteg Persoun gemellt gi war, waren am Lycée Prozedure fir een Amokalarm declenchéiert ginn, an d'Police war do am Asaz. Zwou an eng hallef Stonnen drop waren d'Kontrollen an der Schoul ofgeschloss. Et war näischt Verdächteges festgestallt ginn. Dat hat d'Police nom Enn vun hirem Asaz de 15. Oktober gemellt.
Panik muss evitéiert ginn
Duerno haten Eltere vu Schüler hir Onzefriddenheet mat der Kommunikatioun ausgedréckt. Dozou seet den Hervé Schoettert vun der Police elo, zwou Wochen nom Amokalarm, datt een ëmmer iwwer d'Method, respektiv och iwwer den Zäitpunkt vun der Kommunikatioun diskutéiere kéint.
"Ech mengen, mir mussen eis bewosst sinn, et ass eng Situatioun, wann een Amoklaf ass, wann déi do Prozedur declenchéiert gëtt, ass dat eng immens kritesch Situatioun, wou prioritär d’Liewen am Vierdergrond steet."
Beim Debriefing vun der Police, deen nach net ofgeschloss ass, kéint een ëmmer kucken, wéi an esou engem Fall besser kommunizéiert soll ginn. Et wier awer och wichteg ze soen, datt déi Informatiounen, déi eraus ginn, d'Situatioun net verschlëmmere géingen, seet den Hervé Schoettert. Et dierf keng Panik entstoen, an och net ze vill Leit dierfe sech deen Ament um Site befannen. Dëst géing et méi schwéier maachen, fir d'Sécherheet ze garantéieren.
Fir de Fall vun engem Amokalarm an enger Schoul ginn et bei der Police intern Konzepter fir effikass op Situatioune kënnen ze reagéieren, erkläert den Directeur adjoint vun den Operatiounen. Dat wichtegst wier awer, ee kale Kapp ze behalen.
Inspiratioun bei der auslännescher Police
Eege Prozeduren hei am Land fir esou Fäll ginn et zanter 2008. Ausgeschafft goufen d'Prozeduren deemools no Amokleef an Däitschland, zielt den Hervé Schoettert.
"Iwwer déi ganz 2000er Joren ass et leider zu trageschen Evenementer an däitsche Schoule komm, déi eis als Lëtzebuerg dozou beweegt hunn, fir eis eege Prozeduren en place ze setzen. Mir sinn am Fong esou virgaangen, dass mir eis Informatioune bei den auslännesche Kolleege geholl hunn, an eben déi néideg Prozeduren hei adaptéiert hunn, an dann och ëmgesat hunn."
Wat déi technesch Preventiounsmoossname fir Fäll vum Amokleef ugeet, beréit d'Police déi verschidde Schoulen. Eng eege Police-Psychologin kéim do zum Asaz. Mee generell wier et eng eenzeg Prozedur fir alleguer d'Lycéeën, erkläert de Policebeamten.
Den Eeschtfall gëtt getest, mee ouni d'Schüler:innen
Dem Hervé Schoettert no géif et dorëm goen, datt am Eeschtfall vun engem Amokalarm dat ganzt Schoulpersonal am Bild ass, wat ze maachen ass. Dowéinst ginn och Übungen an Tester an de Schoule gemaach, un deenen allerdéngs just Polizisten an d'Schoulpersonal bedeelegt sinn.
"Fir d’Schüler à l’écart ze halen, well ech mengen, et ass awer eng immens psychesch intensiv Situatioun, och an engem Training. An aus deem Grond ginn déi Übunge just op een Niveau gemaach, well och d’Schoulpersonal de Pubic cible vun eise Mesurë sinn."
Wann eng Persoun an enger Schoul eppes Verdächteges gesäit, da wier et am beschten, déi Informatioun ëmmer weiderzeginn, recommandéiert de Policebeamten.