Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Katy J Pearson - Save Me (Radio Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virsäz fir d'neit Joer: Wéi kann ee se gutt ëmsetzen?

Psychologie

Virsäz fir d'neit Joer: Wéi kann ee se gutt ëmsetzen?

Et soll ee sech net ze héich Ziler setzen, wann ee sech gutt Virsätz fir d’Neit Joer virhëlt. Dat seet de Psycholog a Professer vun der Uni Lëtzebuerg Claus Vögele. Hie gëtt Ablécker doran, wéi een déi Virsätz och an d’Realitéit ëmsetze kann.

auto_stories

2 min

headphones

4 min

play_arrow
Foto: Adobe Stock / missmimimina

Fir d’Neit Joer huele sech ganz vill Leit gutt Virsätz. Dacks ass et d’Zil, eppes z’ënnerhuelen, fir d’Gesondheet ze verbesseren, manner Alkohol ze drénken, ofzehuelen oder méi Sport ze maachen. A leschter Zäit kommen awer och aner Virsätz dobäi, déi éischter mat der Nohaltegkeet ze dinn hunn. Déi allermeescht Persounen, eng 70 Prozent briechen déi Pläng fréizäiteg of, seet de Claus Vögele vun der Uni Lëtzebuerg. Dofir gëtt et och Grënn, erkläert hien. Et géif ee sech ze vill héich Ziler setzen, déi ee géifen iwwerfuerderen. Hie gëtt Recommandatioune fir eng gutt Strategie, déi et erméiglecht, seng Virsätz ëmzesetzen.

Eege Motivatioun a positiv Formuléierung

Säin éischten Tipp ass et, sech ee Virsaz ze huelen, deen aus eegener Motivatioun kënnt, an net vun enger anerer Persounen operluecht gouf. Och intrinsesch Motivatioun genannt. Wann dee Wëlle vun engem selwer kënnt, wier d‘Chance vill méi héich, datt een et duerchzitt.

Iwwerdeems wier et och sënnvoll, d‘Verännerung déi ee maache wëll, positiv ze formuléieren. Amplaz sech also ze soen „Ech verzichten op Kuelenhydrater“, soll ee sech soen „Ech gënne mer vun elo u méi Geméis.“

Flexibel Kontroll

Et géif och hëllefen, sech eng Persoun ze sichen, mat där een dat zesumme ka maachen. An et soll ee sech Réckfäll erlaben, betount de Claus Vögele.

"Und wenn dann so ein Rückfall passiert, dann ist der akzeptabel und er führt nicht zum völligen Zusammenbruch des Systems. Das ist genau das Verhalten, das wir bei Menschen feststellen, die dann wirklich ein Krankheitsproblem entwickeln."

De Claus Vögele nennt dat, d‘Konzept vun der flexibeler Kontroll.

Lauschterenplay_arrow