Radioen

On air

Tockcity  |  Kassian - Metro

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Am Oktober sinn iwwer 850.000 nei Autoen an Europa immatrikuléiert ginn

Europa

Am Oktober sinn iwwer 850.000 nei Autoen an Europa immatrikuléiert ginn

An Europa klëmmt d‘Demande no Autoen nees: Am Oktober si ronn 855.000 nei Ween immatrikuléiert ginn, dat ass e Plus vu 14,6 Prozent par Rapport zum Oktober d‘lescht Joer. 

auto_stories

1 min

© Bigstock / kiankhoon
(Foto: Bigstock / kiankhoon)

Och am lafende Joer ass et e Plus vu bal 17 Prozent. E grousse Succès si weiderhi reng Elektroautoen, si maache mëttlerweil 14 Prozent vun allen Neiween aus an hunn domat d‘Dieselen iwwerholl, déi sech nëmmen nach ganz schlecht verkafen. Dee gréisste Ventë-Plus gouf et a Frankräich an an Italien.