Fir déi Krankheete besser verstoen ze kënnen, hunn d'Uni Lëtzebuerg an de Luxembourg Institute of Health virun e puer Deeg een Envoi un all Stot am Land gemaach. Op heba.lu kann ee mat sengem perséinleche Code bei der Etude matmaachen. D'Ausfëllen dauert tëscht 20 a 45 Minutten. Mam matgeliwwerte Code kann een de Questionnaire och an e puer Kéieren ausfëllen.
Et gëtt nach vill ze erfuerschen
D'Froen am Questionnaire op heba.lu wieren immens breet opgestallt, international validéiert an op verschidde Sproochen, sou d'Claire Pauly, si ass Neuropsychologin an der Parkinson-Fuerschungs-Klinik zu Stroossen. D'Fuerscher intresséiere sech fir de Schlof, d'Qualitéit vum Liewen, den Alldag - wéi gutt ee sech zum Beispill kann undoen - a fir Gediechtnes. Duerch Etude wëllt ee méi gewuer ginn iwwer d'Erkenne vu Risikofacteuren, d'Fréieerkennung an d'Preventioun vun neurodegenerative Krankheeten.
D'Lysiane Back ass selwer vu Parkinson betraff a si ënnersträicht, datt et fir Leit déi vun enger neurodegenerativer Krankheet betraff sinn enorm wichteg ass, datt se weider erfuerscht a vläicht souguer engesdaags geheelt gëtt.
D'Diagnos war "een Hummer op de Kapp"
Si ass viru siwe Joer mat Parkinson diagnostizéiert ginn, éischt Unzeechen huet si ënner der Form vun Zidderattacken zwee Joer virdrun, mat 55 gemierkt, erzielt si. Eng Erklärung fir déi Attacken hat si dee Moment net, och wann et bei hir an der Famill scho Parkinson-Erkrankunge gouf.
"Ech hunn a mengem Büro eng Aarbecht gemaach an op ee mol hunn ech gemierkt: 'Oh, wat hues du elo, firwat zidders du esou?' Dann huet een am Ufank gesot, dat wier Stress, mee et huet ee gemierkt, datt et net dat klassescht Ziddere wéinst Stress war, mee et gëtt een awer näischt drop."
Eréischt am Kader vun engem Kriibstraitement krut d'Lysiane Back hir offiziell Diagnos.
Net resignéieren an oppe mat der Krankheet ëmginn
Et soll ee sech net opginn, seet d'Lysiane Back, och wann d'Diagnos um Ufank schwéier ass. Et misst ee sech awer bewosst maachen, datt engem säin Zoustand ëmmer méi schlecht gëtt. Een oppenen Ëmgang mat der Krankheet kéint och hëllefen "well et kann een et net camoufléieren". Hir perséinlech hätt hir Famill a virun allem déi positiv Astellung vun hirer Mamm gehollef, déi sot "dat packe mer".
Schläichend Symptomer
D'Symptomer bei hirer Parkinsons-Krankheet wiere schläichend, seet d'Lysiane Back. Um Ufank wier et hir schwéier gefall fir Moies aus dem Bett opzestoen a sech unzedoen, d'Motorik ass méi lues ginn. Been oder Féiss entschlofen hier an da misst si sech 30 Sekonnen ustrenge fir déi jeeweileg Extremitéit erëm beweegen ze kënnen.
"Wat soss vläicht an zéng Minutte konnt maachen, dauert elo vläicht 20 Minutten."
Et ginn och méi Jonk Patienten
Generell géifen och éischter al Leit esou Krankheete kréien, et gëtt awer och Ausnamen, seet d'Claire Pauly. Hir ass och ee Fall vun enger Persoun bekannt, déi mat 21 Joer mat Parkinson diagnostizéiert gi wier.
Wann ee selwer vun enger neurodegenerativer Krankheet betraff ass oder sech driwwer informéiere wëllt, fënnt een op dësem Site weider Informatiounen.