Radioen

On air

Notturno  |  Arctic Monkeys - Batphone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg huet dee fënneftgréisste Kanner-Aarmutsrisiko an Europa

STATEC

Lëtzebuerg huet dee fënneftgréisste Kanner-Aarmutsrisiko an Europa

Aus engem neie Rapport vum Statec geet ervir, datt d'lescht Joer 24 Prozent, also bal all véiert Kand, vum Aarmutsrisiko betraff war.

auto_stories

1 min

Aarmut Kanner | © Bigstock
Foto: Bigstock

Domat hunn 30 000 Kanner an engem Stot gewunnt, dee riskéiert an d'Aarmut ze falen. Virun allem verschidden obligatoresch Käschten, wéi d'Wunnen, géifen de Risiko weider verschäerfen. 

Zwar wier de Prozentsaz ëm 4 Prozentpunkten am Verglach mat 2022 zeréck gaangen duerch de Regime vun de sougenannte „chèque service accueil“. Eng staatlech Hëllef duerch déi Eltere bei verschiddene Prestatioune reduzéiert Tariffer kréien.

Lëtzebuerg schneit op EU-Niveau net gutt of

Mee Lëtzebuerg géif ëmmer nach am europäesche Verglach schlecht ofschneide wat d‘Aarmut vun den ënner 18-Järegen ugeet, esou de Statec. 15 Prozent vun de Kanner si vun enger dauerhafter Aarmut betraff. Am europäesche Verglach schneiden Dänemark a Finnland am beschten of. D'Belsch ass op der siwenter Plaz an Däitschland op där aachter. A Lëtzebuerg besetzt déi 24. Plaz. 

Bei den elengerzéiende Stéit ass den Taux mat 44 Prozent nach méi héich. Dat heescht baal d'Haltschent vun den elengerzéiende Stéit ënnerleien dem Aarmutsrisiko. 

Allerdéngs geet de Statec a senge Previsiounen dovun aus, datt d‘Duerchschnëttsakommes vun de Stéit hei am Land 2023 ëm 5,6 Prozent an d‘Luucht dierft gaange sinn am Verglach mat 2022. Grond dofir wiere virun allem déi 3 Indextranchen.