search

/ All Hënn a Kazen an der EU mussen an Zukunft e Mikrochip hunn

Déieren

|
headphones

1 min

All Hënn a Kazen an der EU mussen an Zukunft e Mikrochip hunn

D‘EU verschäert de Kampf géint den illegalen Handel mat Déieren. Ënner anerem sollen an Zukunft all Hënn a Katzen an der EU obligatoresch duerch Mikrochip registréiert ginn. Dorop goufen d‘Ënnerhändler vum EU Parlament an de Länner sech eens.

headphones

1 min

 EPA/ANDRZEJ GRYGIEL POLAND OUT | ©  EPA/ANDRZEJ GRYGIEL POLAND OUT
Mikrochips fir Déieren (Foto: EPA/ANDRZEJ GRYGIEL POLAND OUT)

D'Chip-Flicht soll Kriminellen et méi schwéier maachen, Déieren, déi illegal gehalen oder importéiert goufen, ze verkafen. Weider huet d'EU Parlament vrigesinn, datt d'Amputéiere vun Oueren oder Déiereschwänz ageschränkt gëtt, grad ewéi gesondheetsschiedlecht Ziichte vun Déieren. 

Fir d‘Ëmsetzung vun de neie Reegele gëllen Iwwergankszäite vun e puer Joer.