Radioen

On air

Notturno  |  Horse Lords - Zero Degree Machine

play_arrow Live
search

/ Alaska Airlines hält Boeing 737-9 Max um Buedem

Fënster am Fliger huet sech geléist

Alaska Airlines hält Boeing 737-9 Max um Buedem

Déi amerikanesch Fluchgesellschaft Alaska Airlines léist hir Fliger vum Typ Boeing 737-9 Max bis op Weideres um Buedem. 

auto_stories

1 min

Dat wier eng Virsiichtsmoossnam als Reaktioun op e Virfall gëschter, an engem Fliger, dee vu Portland op Los Angeles ënnerwee war. Kuerz nom Start hat sech aus ongekläerten Ursaachen een Deel vun enger Fënster geléist – Loft ass an de Passagéierraum agedrongen. De Fliger, mat 171 Passagéier u Bord konnt awer sécher zréck op de Startfluchhafe fléien.