D‘Justizministerin preziséiert och nach, datt d‘Orangerie am Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique zu Ettelbréck an dësem Fall och net a Fro komm wier, fir dee Mannerjäregen ënnerzebréngen, well déi Unitéit just fir Jonker mat psychiatreschen a psychotherapeutesche Probleemer geduecht wier. Si verweist och op de Gesetzprojet, deen e Prisong fir Mannerjäreger virgesäit.
arrow_back_ios
Noriichten
Noriichten
/ Aktuell keng Mannerjäreger zu Schraasseg am Prisong
Parlamentarech Fro
Aktuell keng Mannerjäreger zu Schraasseg am Prisong
Am Erwuesseneprisong zu Schraasseg wier den Ament kee Mannerjärege méi. Dat äntwert d‘Justizministerin Elisabeth Margue op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP. De Mineur, dee rezent zu Schraasseg war, wier néng Deeg laang do gewiescht, tëscht dem 11. an 20. Dezember, esou d‘Ministerin. Hie war zu Schraasseg, well an der spezialer Unitéit fir Mannerjäreger zu Dräibuer kéng Plaz méi war.
auto_stories
1 min