search

/ Airbus liwwert Softwareupdate a behieft Problemer méi séier wéi geduecht

Aviatioun

|
headphones

1 min

Airbus liwwert Softwareupdate a behieft Problemer méi séier wéi geduecht

Den europäesche Fligerkonstrukteur Airbus huet d'Software bei ronn 6.000 Fligeren ersat. Dat wier méi séier gaange wéi erwaart, seet Airbus. Massiv Ausfäll vu Flich hätte kënne verhënnert ginn a bei de meeschte Fluggesellschafte géif de Betrib sech nees normaliséieren.

headphones

1 min

© picture alliance / Markus Mainka
(Foto: picture alliance / Markus Mainka)

D‘Software huet missen ersat ginn nodeems Enn Oktober en Airbus-Fliger vun der amerikanescher Gesellschaft JetBlue op eemol un Héicht verluer hat.

Als méiglech Ursaach gëllt d‘Awierkung vun intensive Sonnestralen op d‘Steiersystemer vun de Fligeren.