Radioen

On air

De Weekend  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Spionage-Virwërf: AfD-Mataarbechter an Untersuchungshaft

Däitschland

Wéinst Spionage-Virwërf: AfD-Mataarbechter an Untersuchungshaft

An der Spionage-Affär tëscht Däitschland a China koum de Mataarbechter vum AfD-Europadeputéierte Maximilan Krah an Untersuchungshaft. Hie war gëschter festgeholl gi mam Verdacht, hien hätt fir de chineesesche Geheimdéngscht spionéiert.

auto_stories

1 min

Maximilian Krah | © picture alliance/dpa | Guido Kirchner
De Maximilian Krah vun der AfD. (Foto: picture alliance/dpa | Guido Kirchner)

Bei der riets-extremer däitscher Partei AfD ass haut e Krisegespréich iwwer d‘Spionage-Affär tëscht Däitschland a China geplangt. Um Dënschdeg war bekannt ginn, datt och e Mataarbechter vum AfD Politiker Maximilan Krah wéinst Spionage-Verdacht festgeholl gouf. Dee sëtzt elo an Untersuchungshaft.

De Maximilan Krah sëtzt fir d‘AfD am Europaparlament an ass der AfD hire Spëtzekandidat fir d‘Europawalen. Virum geplangte Krisegespréich mat den AfD-Parteispëtzten zu Berlin sot de Maximilan Krah, et géif him näischt virgehäit ginn an hie géif dofir kee Grond gesinn, perséinlech Konsequenzen aus der Verhaftung vu sengem Mataarbechter gesinn.

An de leschten zwee Deeg sinn an Däitschland véier Leit festgeholl ginn, déi verdächtegt gi fir de chineesesche Geheimdéngscht spionéiert ze hunn.