Radioen

On air

Time Flies  |  

play_arrow Live
search

/ Adapto: Eng laang Lëscht u Kritikpunkte vun de Petitionnairen

Transport

Adapto: Eng laang Lëscht u Kritikpunkte vun de Petitionnairen

Staark Kritik nach ëmmer um Transportservice Adapto, fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit. Eng Petitioun iwwert de Service huet 5.593 Ënnerschrëfte gesammelt a gouf an der Chamber debattéiert. D’Lëscht vun den Doleancen ass ganz laang.

auto_stories

2 min

headphones

3 min

play_arrow

Et ass schonn déi zweet Petitioun déi sech mam Transportservice Adapto befaasst huet. D’Petitionären hunn an hiren Interventiounen drop higewisen, datt Villes an hirem Liewe vun engem adaptéierten a performanten Transportservice ofhänkt. An et happert dacks.

"Duerch de Retard vum Bus kommen d'Leit oft ze spéit op hire Rendez-vous, beim Dokter oder aner wichtegen Terminer. Mir mussen net éierens bruecht ginn, wou just de Feil weist, mee op déi Adress, déi schrëftlech uginn ass. Ëmmer méi oft kréie mir matgedeelt, datt d'Leit op der Plaz sëtze gelooss ginn, fir de Retour."

Eng onendlech Lëscht

Eng Mamm vun engem Kand mat Behënnerung ass entlooss ginn, wëll hirt Kand net mat Zäiten ofgeholl gouf. Persounen déi bei den Dokter gi musse mat Zäiten ukommen. Mënschen déi net gutt gesinn, an déi net kënne matkréien op den Adapto-Bus ukomm ass oder net, gi net ofgeholl, wëll de Chauffer no 10 Minutte weiderfiert. Et ass eng onendlech Lëscht.

D’Transportministerin Yuriko Backes huet an der Chamber eng Ëmfro bei den Notzer an Aussiicht gestallt:

„Ech mengen ech héieren dann haut, et gräift kee méi zeréck op dee Service, se hunn d'Flemm. Ech géif da wierklech hoffen, datt se an dëser Etude dann och, matmaache fir ze soen, wat klappt, wat net klappt.“

Zur Formatioun vun de Chauffer soll och een Audit realiséiert ginn.

Suivi vun der Chamber

Och d’Chamber wäert ee Suivi maache betount d’Presidentin vun der Petitiounskommissioun d’Francine Closener.

"D'Mobilitéitskommissioun a villäicht och d'Kommissioun vun der Famill wäerte sech elo mat deenen eenzele Revendicatiounen an och de Proposen, de ganz konkrete Propose vun de Petitionären auserneesetzen an deemno wéi se dann och nach eng Kéier héieren."

D‘Petitionären hunn och proposéiert, bei der Reform vun deem Service ze hëllefen, wëll se selwer am Detail wësse wat muss verbessert ginn.

Lauschterenplay_arrow