Radioen

On air

Resonanzen  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Actioun géint Heescheverbuet: Kollektiv mobiliséiert sech

Manifestatioun op der Places d'Armes

Actioun géint Heescheverbuet: Kollektiv mobiliséiert sech

D‘Mobilisatioun géint d'Heescheverbuet organiséiert sech. Freiden Nomëtteg huet de Kollektiv “Actioun géint Heescheverbuet” géint déi "repressiv Politik" vun der Stad Lëtzebuerg géigeniwwer deenen äermste manifestéiert. An enger symbolescher Aktioun hu sech ronn 30 Leit mat Becheren op der Stater Place d’Armes op de Buedem gesat.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© Sophie Schroeder play_arrow
(Foto: Sophie Schroeder)

D‘Fuerderung vun de Manifestante war kloer: d’Heescheverbuet soll zeréckgezu ginn.

Nora Schneider: déi politesch Responsabel léien

Ofgesi vun de juristeschen Onkloerheete wier et einfach onmënschlech, seet d’Nora Schneider, wat d’Manifestatioun mat organiséiert huet. Ausserdeem géifen déi politesch Responsabel léien, wa si soen, et wéilt een nëmme géint déi aggressiv Mendicitéit virgoen, seet si weider, wann am Policereglement awer kloer all Form vu Mendicitéit viséiert ass.

“Fir mech ass et kloer, datt si wëssen, datt dat net ze vertrieden ass. Well soss firwat d’Bevëlkerung einfach an den Noriichten unzeléien?”

"Police gëtt benotzt fir eppes ëmzesetzen, wat net rechtens ass"

De Jemp Mergen ass extra aus dem Éisleck an d’Stad komm, fir un dëser Manifestatioun deelzehuelen.

“Also mech stéiert haaptsächlech, datt d’Police benotzt gëtt fir eppes ëmzesetzen, wat net rechtens ass.”

Nee zum Heescheverbuet” an “solidarité avec les mendiants” steet op de Schëlder vun him an deenen anere Manifestanten. Den Inneminister Léon Gloden an d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer sollen net fäerten, hiert Gesiicht ze verléieren, mengt hie weider.

Lëtzebuerg misst Mendicitéit aushalen

Et misst een agesinn, datt grad eng Gesellschaft wéi Lëtzebuerg Mendicitéit aushale misst.

“Ech hu Jore laang am Ausland geschafft. An ech hu Leit do nach, déi mech kontaktéiere fir ze froe wat dann an deem räiche Lëtzebuerg lass ass. Et ass ee Skandal.” 

Et misst ee sech an dësen Zäite scho bal schummen, fir Lëtzebuerger ze sinn, sou nach de Manifestant Jemp Mergen.

Lauschterenplay_arrow