Den Accord gesäit och vir, datt d‘Geisele vun der Hamas Medikamenter kréien. Am Géigenzuch soll Israel nei Liwwerunge vu liewenswichteger humanitärer Hëllef an d‘Gazasträif erlaben.
Et gëtt ugeholl, datt d‘Hamas nach 136 Geiselen an hire Gewalt huet. No weidere Verhandlungen am Katar soten d‘USA, si wieren optimistesch, datt geschwënn och weider Geisele kéinte fräi gelooss ginn.
Iwwerdeems huet Israel weider intensiv Loft-Bombardementer am Süde vun der Gazasträif lancéiert.